Radioen

On air

Simon Says  |  Alex Ebert - Truth

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Tommy Schlesser: "Glieser hallef voll gesinn"

Tommy Schlesser: "Glieser hallef voll gesinn"

headphones

51 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Den Tommy Schlesser ass e Schauspiller, fir deen et am Filmgeschäft richteg gutt leeft. Zum Beispill ass hien an der zweeter Staffel vu "Capitani" ze gesinn - eng Serie, déi un Netflix verkaf gouf.

Am Kino stoung hien op der Affiche vun der spuenesch-lëtzebuergescher Koproduktioun "Lemon and Poppy Seed Cake". D'lescht Joer war hien zu Cannes um rouden Teppech fir de Film "Rebel" vum Adil El Arbi an Bilall Fallah, wou hien en IS-Kämpfer spillt.

An hie spillt och a "Läif a Séil" vum Loïc Tanson, an hie freet sech drop, wann "Die Bergretter" beim ZDF gewise ginn, um klengen Ecran, do wou Villes fir hien ugefaangen huet, notamment an Tëleesproduktioune vu Rosamunde Pilcher, oder "Das Traumschiff".

Den Tommy Schlesser huet schonn als Bouf mat sengem eelere Brudder Emile éischt kleng Filmer gedréit, de Fonke vun der Magie vun der Kamera ass jonk bei him eriwwer gesprongen. Dat, obwuel hien aus enger Famill vu Juriste kënnt. Säin Urgrousspapp, Grousspapp a Papp hunn dee Beruff ausgeüübt, an obwuel den Tommy Schlesser deen och ugehaangen huet, andeems hien Droit studéiert huet, ass hie séier nees vu senger Passioun dem Kino ugezu ginn.

Eigentlech wollt hien 2012 op Köln op d'Film Acting School goen, mee du krut hie seng éischt Roll ugebueden an der Lëtzebuerger Sitcom "Comeback". Dat war säin Debut. Säi Studium huet hien trotzdeem duerchgezunn, net zu Köln, mee zu Los Angeles.

2013-2014 hat hie seng eege Sketch-Comedy Serie "Wat Elo?" fir RTL Télé Lëtzebuerg, wou hien an circa 100 kuerzen Episoden zesumme mat sengem Brudder Émile Schlesser opgetrueden ass.

2015 war den Tommy Schlesser an enger Gaaschtroll an der däitscher RTL-Serie "GZSZ" als Austauschstudent Eike Habicht ze gesinn.

Am Kuerzfilm "Long Lost", deen als beschte Kuerzfilm beim Max Ophüls Preis nominéiert war, hat de Schlesser d'Roll vun engem jonke Strummert mat krimineller Vergaangenheet. 2018 war hien am lëtzebuergesche Kinosfilm "Superjhemp Retörns", nieft der Julie Kieffer an der Désirée Nosbusch ze gesinn.

Am Februar 2022 du fir vill Persounen e laang erwaarte Moment. Déi zweet Staffel vu "Capitani", an där hien d'Roll vun engem Drogeboss spillt.

D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.

Kultur
Politik a Gesellschaft

Episoden

Daphné Boehles: "Schonn als Kand e Bicherwuerm"

Daphné Boehles: "Schonn als Kand e Bicherwuerm"

D'Bibliothekärin ass Invitée.
headphones

55 min

play_arrow
Pierre Nimax Jr.: "Musek ass Kommunikatioun a Spaass"

Pierre Nimax Jr.: "Musek ass Kommunikatioun a Spaass"

Den Uergelmuseker, Komponist an Dirigent ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Sarah Grunert: "Den Theater ass zanter ëmmer en Deel vu mir"

Sarah Grunert: "Den Theater ass zanter ëmmer en Deel vu mir"

D'Actrice mat engem Lien zu Lëtzebuerg ass Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Tim Kleren: "Spaass un der Musek"

Tim Kleren: "Spaass un der Musek"

De Perkussionist,Militärmuseker, Komponist an Dirigent ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Lucien Didier: "Fir de Bernard Hinault alles ginn"

Lucien Didier: "Fir de Bernard Hinault alles ginn"

De fréieren Profi-Cyclist ass kuerz virum Depart vun der 109. Editioun vum Tour de France Invité.
headphones

56 min

play_arrow

Jana Degrott: " Ech sinn e risen Tollpatsch"

Déi jonk Politikerin an Aktivistin ass Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Lukas Held: "Ech sinn iwwerall net vun hei"

Lukas Held: "Ech sinn iwwerall net vun hei"

Den hausinterne 100,7-Philosoph a Philosophieproff ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Danielle Igniti: "Et muss een de Courage hunn net ze gefalen"

Danielle Igniti: "Et muss een de Courage hunn net ze gefalen"

Aus der Kulturzeen an zu Diddeleng ass si net ewechzedenken. 12 Joer huet si de Kulturzentrum opderschmelz geleet, 20 Joer war si Presidentin vum Planning Familial.
headphones

51 min

play_arrow
Lucien Didier: "Fir de Bernard Hinault alles ginn"

Lucien Didier: "Fir de Bernard Hinault alles ginn"

De fréieren Profi-Cyclist ass kuerz virum Depart vun der 109. Editioun vum Tour de France Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Claudine Als: " De Sachen op de Fong goen"

Claudine Als: " De Sachen op de Fong goen"

D'Presidentin vun der ASBL Roses pour le Patrimoine Luxembourg ass Doktesch an der Nuklearmedizin, war Fuerscherin a fréier Conseillère vun der Stad Lëtzebuerg.
headphones

54 min

play_arrow
Philip Crowther

Philip Crowther

De Radio- an Tëlee-Journalist ass Invité.
headphones

58 min

play_arrow
Philip Crowther

Philip Crowther

De Radio- an Tëlee-Journalist ass Invité.
headphones

58 min

play_arrow
Maggy Molitor: "Ech hu gemaach, wat ech wollt maachen"

Maggy Molitor: "Ech hu gemaach, wat ech wollt maachen"

D'Actrice, Kabarettistin, a fréiert Gesiicht vum Hei Elei Kuck elei ass Invitée beim Jean Claude Majerus.
headphones

57 min

play_arrow
Daphné Boehles: "Schonn als Kand e Bicherwuerm"

Daphné Boehles: "Schonn als Kand e Bicherwuerm"

D'Bibliothekärin ass Invitée.
headphones

55 min

play_arrow
Monique Becker: "Sensibilitéit am Ëmgang mat der Faarf"

Monique Becker: "Sensibilitéit am Ëmgang mat der Faarf"

Schwaarz ass hir Faarf, mee schwaarz ass net schwaarz, wéi si selwer seet.
headphones

50 min

play_arrow
Annick Pütz: "E Liewe fir den Danz an d'Beweegung"

Annick Pütz: "E Liewe fir den Danz an d'Beweegung"

D'Choreografin an Dänzerin Annick Pütz ass Invitée.
headphones

55 min

play_arrow
Rol Gelhausen: "Vu Kanech an d'Stad"

Rol Gelhausen: "Vu Kanech an d'Stad"

Den Acteur an Auteur ass den Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Dr. Bernard Thill: D'Mënschlechkeet steet am Mëttelpunkt

Dr. Bernard Thill: D'Mënschlechkeet steet am Mëttelpunkt

Den Onkolog a Paliativmedezinner ass Invité. Hien huet en neit Buch mam Titel "Das Warschauer Konzert" derbäi.
headphones

56 min

play_arrow
Maggy Molitor: "Ech hu gemaach, wat ech wollt maachen"

Maggy Molitor: "Ech hu gemaach, wat ech wollt maachen"

D'Actrice, Kabarettistin, a fréiert Gesiicht vum Hei Elei Kuck elei ass Invitée beim Jean Claude Majerus.
headphones

57 min

play_arrow
Laurent Warnier: "D'Léift zur Musek"

Laurent Warnier: "D'Léift zur Musek"

De Perkussionist, deen zu Amsterdam an zu Boston (USA) studéiert, ass Invité.
headphones

55 min

play_arrow