Radioen

On air

9 bis 1  |  Gabriels - Remember Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Maggy Molitor: "Ech hu gemaach, wat ech wollt maachen"

Maggy Molitor: "Ech hu gemaach, wat ech wollt maachen"

headphones

57 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Viru Kuerzem hunn d'Makadammen der Bün Äddi gesot. D'Makadammen waren e Cabaretsensembel mat fënnef Fraen, déi zwee Joerzéngte laang mat vill Freed op de Lëtzebuerger Bünen ënnerwee waren. D'Maggy Molitor ass oder war eng vun de Makadammen, déi nieft hirer Bünenaktivitéit och 30 Joer laang Reliounsenseignante war. Mee Maggy Molitor war och jorelaang e Member vum Ensembel vun der Lëtzebuerger Theater a stoung bei esou munch Revue mat op der Bün.


D'Gesiicht vum Hei Elei Kuck Elei


Interessant ass awer och nach eng aner Säit vun der Maggy Molitor, nämlech huet si zu enger Spezies gehéiert, déi et haut ewell laang net méi gëtt. Si war Televisiounspresentatrice an zéng Joer laang mat d'Gesiicht vum Hei Elei Kucke Elei. D'Missioun war et de Public duerch d'Emissioun ze begleeden an ëmmer ze annoncéieren, wat als nächst kënnt, Presentatricen hunn déi Zäit zur Televisioun gehéiert, egal op dat elo an Däitschland, oder a Frankräich war. Eng Roll, déi awer no an no verschwonnen ass, an d'Maggy Molitor war och déi lescht Presentatrice am Lëtzebuerger Programm.


Den Hei Elei war déi Zäit Kult, et huet een den Hei Elei sonndes musse gekuckt hunn, fir mat ze schwätzen, an dat war ebe beim Maggy Molitor doheem net anescht. Si gouf du gewuer, datt d'Tëlee eng nei Presentatrice sicht, an well d'Maggy Molitor vum Wiesen hier virwëtzeg war a gär nei Saache probéiert huet, duecht si sech: "Ma dat wär eppes fir dech." An enges Daags huet si all hire Mutt zesummegeholl, si war eleng doheem an huet bei d'Tëlee ugeruff:



"An dunn hat ech awer esou den Dadderer, do hunn ech mech net richteg getraut. A mir haten an eiser Bar esou Whisky stoen, wa Besuch kënnt. Do sinn ech mer e klenge Whisky siche gaangen, do hunn ech dee gedronk, an do hunn ech den Telefon geholl a bei RTL ugeruff. An ech sot, ech hunn héieren, datt der eng nei Presentatrice sicht, an do hunn ech erwaart, se géife soen: Nee, den Ament net, oder d'Plaz ass fort. Mä amplaz soten se: Een Ament, ech ginn Iech den Här Octave."



Wat natierlech deen Ament e Schock war fir d'Maggy Molitor, well si duecht de Jean Octave wier onerreechbar.



"An do hunn ech nach emol en décke Schlupp geholl an do koum den Här Octave mat senger léiwer Stëmm, ech muss soen, dat war esou e léiwe Mann, ass haut nach e léiwe Mann. Do huet hie mech berouegt a sot: A jo. dat wär flott, ech soll mech dann emol op de Casting preparéieren, an ech soll iwwermuer kommen."



D'Maggy Molitor ass dohinner gaangen an et goufen bal zéng Joer doraus.


"Ech war op ville Bünen doheem"


D'Maggy Molitor huet villes gemaach an hirem Liewen, si huet gäre vill ausprobéiert, iwwer den Theater oder d'Schoulhalen, wat si bis haut gäre mécht, jo esouguer, Dame d'honneur um Groussherzoglechen Haff ze sinn, war eng Erfarung, déi si ni mësse wéilt. Si war op ville Bünen doheem, op ville Plazen, wou Leit sech gewënscht hätten, do ze sinn. Mee si huet awer eppes gemierkt:



" Et gëtt iwwerall nëmme mat Waasser gekacht a wann s de bis op der Plaz selwer bass, ass se net méi esou romantesch, wéi se war, mee interessant. (...) Awer ech sinn dankbar, wat ech erlieft hunn a mengem Liewen, an ech hoffen, datt ech nach ganz vill erliewen. An ech hunn och nach Spaass a sinn nach virwëtzeg, fir nach ganz aner Saachen ze erliewen."




Episoden

Michel Grevis: Ech sinn e virwëtzege Mënsch

Den Auteur, Zeechner, Kënschtler, passionéierte Schoulmeeschter a Responsabele vum Centre des Jeunes vum SNJ zu Huelmes ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun | © Chris Zeien

Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun

Dee fréieren Direkter vum Dikrecher Militärmusée
headphones

56 min

play_arrow
Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn" | © Jo Diseviscourt

Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn"

D'Actrice, Regisseurin an Dozentin am Escher Conservatoire huet zanter iwwer 30 Joer eng fest Plaz an der Lëtzebuerg Theater- a Filmzeen.
headphones

53 min

play_arrow
Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun | © Hardy Grüne

Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun

Den Auteur a Fussballhistoriker Hardy Grüne huet e Buch iwwer de Lëtzebuerger Fussball geschriwwen.
headphones

57 min

play_arrow

Véronique Fauconnet: D'Léift fir den Theater

D‘Directrice artistique vum TOL, dem Théâtre Ouvert Luxembourg, Actrice a Regisseurin Véronique Fauconnet ass d‘Invitée.
headphones

56 min

play_arrow

Fernand Weides: Säi Wee mam radio 100,7

Dee fréieren Direkter vum radio 100,7 Fernand Weides ass den Invité beim Jean Claude Majerus.
headphones

56 min

play_arrow

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow

Steven Pitman: Et soll een ophalen, wann et am Schéinsten ass

Den Elvis-Tribute-Artist Steven Pitmann, oder anescht gesot en Elvis-Imitateur, seet den 2. Mäerz mat engem grousse Concert an der Philharmonie no 25 Joer der Bün Äddi.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Marx: "Nos démocraties sont fragiles"

De Claude Marx huet 91 Joer. Hien ass en Iwwerliewende vun der Shoha a vum Zweete Weltkrich. Et ass him wichteg seng Geschicht, eng Geschicht, déi sécher fir vill Geschichte vu ville Mënsche steet, ze erzielen.
headphones

55 min

play_arrow

Roby Langers: De Fussball a vill schéin Amenter

Dee fréiere Fussballprofi a fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller
headphones

56 min

play_arrow
Dat dierf ni méi geschéien!

Dat dierf ni méi geschéien!

Virun 80 Joer hu russesch Zaldoten d'Konzentratiounslager Auschwitz liberéiert. Am Sot emol proposéiert de Jean Claude Majerus iech Temoignage vu Mënschen déi d'Hell vun Auschwitz iwwerlieft hunn.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Frisoni: E Liewen fir, an a mat der Kultur

De Kulturmënsch fir en esou ze nennen, Claude Frisoni ass déi Kéier dem Jean Claude Majerus säin Invité an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

No iwwer 40 Championstitelen, enge sëllege Victoiren op der Strooss an am Cyclocross, mat net manner wéi 4 Participatiounen op Olympesche Spiller, huet d‘Christine Majerus elo e Schlussstréch gezunn.
headphones

56 min

play_arrow
Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem | © Morgane Weidig

Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem

Deen aktuellen Directeur technique vum COSL, dem Lëtzebuerger Olympesche Comité, war selwer aktive Liichtathleet a seng Passioun huet dem Héichsprong gehéiert.
headphones

56 min

play_arrow

headphones

55 min

play_arrow

headphones

56 min

play_arrow
Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

D'Leeferin Dany Kaber, déi bei den Olympesche Summerspiller 1988 zu Seoul Siwent am Fraemarathon gouf, ass d’Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow
Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

D'Schauspillerin Annette Schlechter ass déi Kéier d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun Sot emol.
headphones

56 min

play_arrow
Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

D'Anabela an de Jorge Valente si schonn 10 Joer mat hirem Motorrad ënnerwee ronderëm d'Welt, ewell schonn iwwer 130.000 Kilometer.
headphones

56 min

play_arrow