De 15. Mee ass et zu Basel an der Schwäiz esouwäit, dann ass d’Halleffinall vum Eurovision Song Contest, bei där d’Lëtzebuerg, nieft nach weidere 15 Länner, un den Depart geet, fir et sportlech auszedrécken. An domadder geet dann och d’ESC-Geschicht fir Lëtzebuerger Sängerin a Musekerin Laura Thorn weider.
Mat natierlech, an dorobber waarde mir all an halen d‘Daumen, der Participatioun vu Lëtzebuerg un der grousse Final vum ESC 2025, de 17. Mee.
De 25. Januar dëst Joer goung der Laura Thorn hir Aventure ESC u mat der Victoire beim LSC, dem Luxembourg Song Contest an der Rockhal zu Esch mam Titel “La poupée monte le son“. An domadder war kloer, datt si Lëtzebuerg bei der Final zu Basel am Mee géif vertrieden.
D’Musek ass e Beräich, deen d‘Laura Thorn zanter hirer Kandheet u begleet a besonnesch d’Sange spillt dobäi eng grouss Roll. Wéi d‘Laura Thorn bei d’Musek koum, gitt Dir an dëser Emissioun gewuer. Déi lescht an déi nächst Woche bis bei d’ESC-Finall zu Basel sinn awer sécher mat déi spannendst aus der Laura Thron hirem Liewen.