Ëm déi 1900er Jore sinn zu Lëtzebuerg Rouse geziicht an uechtert déi ganz Welt exportéiert ginn. Bis zu zéng Millioune Planze pro Joer. Bis zum Éischte Weltkrich huet d'Rousenzucht een nationalen ekonomesche Facteur duergestallt. D'Rousenziichter ware reegelrecht Pionéier vun der Rousen-Industrie an hunn zur Ouverture vu Lëtzebuerg op d'Welt bäigedroen. Dee Patrimoine wëllt d'Claudine Als an Erënnerung bréngen.
D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.