Sot emol
Monique Becker: "Sensibilitéit am Ëmgang mat der Faarf"
50 min
![on the headlines](/legacy/images/76414/image-thumb__76414__base_thumbnail/Monique%20Becker.8bccad0b.jpg)
D'Monique Becker koum eréischt spéit bei d'Konscht, obwuel si schonn ëmmer dovunner passionéiert war. Couche fir Couche dréit si op grousse Formater Faarf op. An hirer schwaarzer Aarbecht ginn et Kontraster a Schied, déi an dat Grot an an dat Wäisst ginn. Neierdéngs kënnt bei hir och eng Grëtz Faarf an d'Spill.
D'Konscht huet d'Monique Becker net just als Mënsch verännert, mee hiert Liewe changéiert. De Gedanken zur Konscht huet si vu klengem u faszinéiert, a begleet si elo duerch hiren Alldag.
Éier si hir Passioun ausliewe konnt, war si jorelaang mat hirem Mann an der Bäckerei beschäftegt, bis si enges Daags sot, si wéilt sech elo ëm sech bekëmmeren. Op der Toile schafft d'Monique Becker immens spontan. Hir Molereien entsti mat vill Kierperasaz an d'Preparatioun vun der Toile bis zum Mësche vun de Faarwen ass fir si immens wichteg. Mee genee sou wichteg sinn awer och d'Iwwerleeungen am Virfeld.
Hire Wee bei d'Konscht goung iwwer eng Bäckerei, déi si mat hirem Mann geféiert huet. Wéi si bis decidéiert hat vun hirer Konscht ze liewen, huet si sech a verschiddene Course weidergebilt a perfektionéiert. An den Akademien zu Bad Reichenhall an zu Trier.
Si war Schülerin beim Hermann Nitsch, ee Personnage, dee si staark gepräägt huet. D'Zesummeschaffe mam kierzlech verstuerwenen Aktiounskënschtler war e wichtege Moment fir d'Monique Becker. Dräi Joer war si seng Schülerin an huet deemno mënschlech an artistesch vill mat op de Wee kritt. Si war awer och Master Class Studentin vum Markus Lüpertz a Siegfried Anzinger.
Episoden
![Ben Claus | © Jean-Claude Majerus Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap | © Jean-Claude Majerus](/1_Foto/100komma7.lu/144212/image-thumb__144212__base_thumbnail/Ben%20Claus.0c09a58e.jpg)
Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap
Oder einfach nëmmen "De Claus" ass den Invité. Hie spillt a séngt d’Hitparad vun de Lëtzebuerger Lidder erop an erof.
![Paul Philipp - Spiller, Trainer, President](/_default_upload_bucket/190437/image-thumb__190437__base_thumbnail/Paul%20Philippe%20Sot%20Emol.4604c7db.jpg)
Paul Philipp - Spiller, Trainer, President
Dee fréiere Fussballprofi an aktuelle President vun der FLF ass Invité um dag vun der Finall vun der Europameeschterschaft.
Ingrid Schwarz: Modernt Jodelen
D'Sängerin an Pinaistin Ingrid Schwarz ass d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"
![Sean Grethen](/1_Foto/100komma7.lu/187330/image-thumb__187330__base_thumbnail/Sean%20Grethen.df7a6c9a.jpg)
Sean Grethen
D'Passioun Aarmdrécken
![Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil](/1_Foto/100komma7.lu/184546/image-thumb__184546__base_thumbnail/Andr%C3%A9%20Hirt.d37cbfe3.jpg)
Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil
De Museker a Sänger Änder Hirt ass den Invité.
Martin Engler: "Den Dag ass 24 Stonne laang a ënnerschiddlech breet"
Den däitschen Multi-Kënschtler Martin Engler ass Invité.
Jean-Paul Raths
De Lëtzebuerger Schauspiller a Regisseur deen zanter 1979 als Schauspiller op ville Bünen hei a virun allem am däitschsproocheg Raum ënnerwee ass.
Stephan Quintus: A Schweden en neit Dohemm fonnt
De Stephan Quintus ass mat senger Fra an seng véier Bouwen a Schweden ausgewandert. An iwwert hiert neit Liewen erzielt hien als Invité dem Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"
![Jean Portante | © Jean-Claude Majerus Jean Portante: Schwaarz Gezei a roude Schal | © Jean-Claude Majerus](/1_Foto/100komma7.lu/177373/image-thumb__177373__base_thumbnail/Jean%20Portante.9861d473.jpg)
Jean Portante: Schwaarz Gezei a roude Schal
De Poet a Schrëftsteller an zanter dem Ufank Mataarbechter vum radio 100,7 Jean Portante ass déi Kéier den Invité beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "sot emol"
![Guy Conter: E räicht Musekerliewen](/1_Foto/100komma7.lu/175294/image-thumb__175294__base_thumbnail/Guy%20Conter%20an%20Esther%20Conter.5db670be.jpg)
Guy Conter: E räicht Musekerliewen
De Invité déi Kéier am Sot de emol ass de Museker an Museksprf am Escher Conservatoire de Guy Conter.
Anne Simon: Vu London op Lëtzebuerg
D‘Regisseurin Anne Simon déi scho ganz fréi d‘Iddi vum Theater am Kapp hat ass déi Kéier Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun „Sot emol“
Hannah Noack: Musical ass meng grouss Passioun
D’Enseignante fir moderne Gesang a Vokalpädagogie huet Musical a Musekserzéiung studéiert, ass deemno gutt positionéiert fir iwwer d’Musicalwelt ze schwätzen.
![Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester](/1_Foto/100komma7.lu/137787/image-thumb__137787__base_thumbnail/Eug%C3%A8ne%20Prim.03310dfc.jpg)
Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester
No bal 35 Joer huet den Eugène Prim als Generaldirekter vun der Solistes Européens, Luxembourg opgehalen, hien, deen dësen Orchester matgegrënnt huet.
Marie-Josée Jacobs
De Mënschen ze hëllefen, dat passt bei d’Invitée: Infirmière-Anästhesistin, aktiv an der Gewerkschaft, zwanzeg Joer Ministerin an elo benevollen Engagement bei der Caritas.
Kimberly Darcy Mae
D‘Invitée war Héichleeschtungssportlerin. Karate war an ass nach eng Passioun.
René Closter: "Mir brauchen en Helikopter, ça passe ou ça casse“
De Grënner a President vun der Luxemburg Air Rescue ass den Invité. 1988 ass d’Luxemburg Air Rescue mat engem gelounten Helikopter lassgaangen.
![Isabelle Braun-Dominicy Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"](/1_Foto/100komma7.lu/152915/image-thumb__152915__base_thumbnail/Isabelle%20Braun-Dominicy.67a7652f.jpg)
Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"
Seet d'Invitée, d'Pianosproff an Enseignante fir d'Formation musicale.
Carlo Link: Radio, seng grouss Passioun
E Radiosmënsch, mat deem mir bei d‘Originne vum radio 100,7, dem soziokulturelle Radio, wéi soss gesot gouf, zeréckginn.
![Ben Claus | © Jean-Claude Majerus Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap | © Jean-Claude Majerus](/1_Foto/100komma7.lu/144212/image-thumb__144212__base_thumbnail/Ben%20Claus.0c09a58e.jpg)
Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap
Oder einfach nëmmen "De Claus" ass den Invité. Hie spillt a séngt d’Hitparad vun de Lëtzebuerger Lidder erop an erof.
![Jean Paul Raths: Ouni Theatererfarung op d'Schauspillschoul](/1_Foto/100komma7.lu/142907/image-thumb__142907__base_thumbnail/Jean%20Paul%20Raths.f2c32931.jpg)