Radioen

On air

9 bis 1  |  Fréijoersbotz fir de Kierper

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Dr. Bernard Thill: D'Mënschlechkeet steet am Mëttelpunkt

Dr. Bernard Thill: D'Mënschlechkeet steet am Mëttelpunkt

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

"Das Warschauer Konzert oder der letzte Gang" ass e Buch, dat viru Kuerzem an den Editions Schortgen erauskoum, zesummegestallt vum Dokter Bernard Thill. Hei sinn eng ganz Rei Geschichten, Erliefnesser an Temoignagen zesummegeholl, déi den Dr. Thill a seng Mataarbechter op der Palliativstatioun vum Escher Spidol erlieft hunn an déi eng Plaz an hire Gedanke behalen hunn.


De Bernard Thill ass ouni Zweiwel e Medezinner an e Mënsch, dee ganz enk mat der Entwécklung vun der Palliativstatioun an der Entwécklung vun der Palliativmedezin zu Lëtzebuerg verbonnen ass a vill Pionéieraarbecht geleescht huet.


Hien huet e laangen Otem gebraucht


Den Dr. Bernard Thill huet schonn 1994 eng Palliativstatioun mat fënnef Better am Escher Spidol an d'Liewe geruff. Mee bis et awer esou wäit war, huet dat vill Iwwerzeegungsaarbecht kascht, bei de Confrèren an Consoeuren, bei der Administratioun, beim Fleegepersonal a sécher och bei der Politik. D'Iwwerzeegungsaarbecht ass schonn esou laang amgaang a se muss ëmmer weidergoen. Reaktioune waren deels positiv, mee awer och negativ, an d'Argument fir wat e Medezinner esou vill Zäit a Mënschen investéiert, déi souwisou stierwen, zielt dobäi sécher net, ass esouguer skandaléis. Mee och dat huet de Bernard Thill net dovun ofgehale weiderzefueren.



"Et ass fir mech e Choix de Société, wat wëll ech erreechen, oder wëll ech eng Medezin hunn, déi just en Dienstleistungsbetrieb ass, wéi dat esou am Däitschen an der Wirtschaft heescht. Oder wëll ech wierklech en humanistesche Service hunn, deen do ass fir déi krank Leit, an och deene kranke Leit en Déngscht erweist, deen hinnen d'Liewen als Mënsch och bis zum Schluss mënschlech erhält."



Et brauch ee Spontanitéit a Kreativitéit


Am Buch "Das Warschauer Konzert" kritt een en Abléck doranner, wat eng Palliativstatioun de Mënsche ka bréngen, wéi een e Mënsch, och wann ee weess, datt e stierft, op sengem leschte Wee begleede kann. De Bernard Thill denkt och gären u seng Ekipp vun der Palliativstatioun, mat där hie laang geschafft huet a mat där hien, wéi hie selwer seet, extreem verwinnt war.



"Palliativmedezin ass net onbedéngt eng Disziplinne, wou grouss wëssenschaftlech Saachen an der Literatur ze liese sinn. Mee et ass verbonnen mat enger enormer Spontanitéit a Kreativitéit vun der Ekipp, vun deem Eenzelen, deen do schafft. An entweder huet een dat a gëtt een dat vu sech, oder et fënnt eben net statt."



An ee Saz beschreift et ganz konkret, nämlech: Et gi keng Problemer, et gi just Léisungen.



"Absolut dat. Et muss een einfach op si fir nei Saachen ze probéieren an nei Iddien ze entwéckelen. Natierlech brauch een dofir Zéit, et brauch ee Personal. A wann ee kee Personal huet, dann huet ee keng Zäit."



Den Dr. Bernard Thill huet sech an deem Kontext un de fréiere Gesondheetsminister Johny Lahure erënnert:



"Dee gesot huet, d'Palliativmedezin ass eigentlech wéi d'Intensivmedezin, wat d'Käschten ugeet. Déi eenzeg Differenz zur Intensivmedezin ass déi, an der Palliativmedezin brauche mer net onbedéngt vill Apparater. Mer brauche vill Leit, vill Personal fir eben justement d'Approche, de Respekt virun deem eenzele Mënsch ze erméiglechen."



Dem Dr. Bernard Thill säi Buch "Das Warschauer Konzert oder der letzte Gang" koum an den Editions Schrotgen eraus.

Episoden

Michel Grevis: Ech sinn e virwëtzege Mënsch

Den Auteur, Zeechner, Kënschtler, passionéierte Schoulmeeschter a Responsabele vum Centre des Jeunes vum SNJ zu Huelmes ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun | © Chris Zeien

Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun

Dee fréieren Direkter vum Dikrecher Militärmusée
headphones

56 min

play_arrow
Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn" | © Jo Diseviscourt

Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn"

D'Actrice, Regisseurin an Dozentin am Escher Conservatoire huet zanter iwwer 30 Joer eng fest Plaz an der Lëtzebuerg Theater- a Filmzeen.
headphones

53 min

play_arrow
Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun | © Hardy Grüne

Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun

Den Auteur a Fussballhistoriker Hardy Grüne huet e Buch iwwer de Lëtzebuerger Fussball geschriwwen.
headphones

57 min

play_arrow

Véronique Fauconnet: D'Léift fir den Theater

D‘Directrice artistique vum TOL, dem Théâtre Ouvert Luxembourg, Actrice a Regisseurin Véronique Fauconnet ass d‘Invitée.
headphones

56 min

play_arrow

Fernand Weides: Säi Wee mam radio 100,7

Dee fréieren Direkter vum radio 100,7 Fernand Weides ass den Invité beim Jean Claude Majerus.
headphones

56 min

play_arrow

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow

Steven Pitman: Et soll een ophalen, wann et am Schéinsten ass

Den Elvis-Tribute-Artist Steven Pitmann, oder anescht gesot en Elvis-Imitateur, seet den 2. Mäerz mat engem grousse Concert an der Philharmonie no 25 Joer der Bün Äddi.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Marx: "Nos démocraties sont fragiles"

De Claude Marx huet 91 Joer. Hien ass en Iwwerliewende vun der Shoha a vum Zweete Weltkrich. Et ass him wichteg seng Geschicht, eng Geschicht, déi sécher fir vill Geschichte vu ville Mënsche steet, ze erzielen.
headphones

55 min

play_arrow

Roby Langers: De Fussball a vill schéin Amenter

Dee fréiere Fussballprofi a fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller
headphones

56 min

play_arrow
Dat dierf ni méi geschéien!

Dat dierf ni méi geschéien!

Virun 80 Joer hu russesch Zaldoten d'Konzentratiounslager Auschwitz liberéiert. Am Sot emol proposéiert de Jean Claude Majerus iech Temoignage vu Mënschen déi d'Hell vun Auschwitz iwwerlieft hunn.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Frisoni: E Liewen fir, an a mat der Kultur

De Kulturmënsch fir en esou ze nennen, Claude Frisoni ass déi Kéier dem Jean Claude Majerus säin Invité an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

No iwwer 40 Championstitelen, enge sëllege Victoiren op der Strooss an am Cyclocross, mat net manner wéi 4 Participatiounen op Olympesche Spiller, huet d‘Christine Majerus elo e Schlussstréch gezunn.
headphones

56 min

play_arrow
Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem | © Morgane Weidig

Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem

Deen aktuellen Directeur technique vum COSL, dem Lëtzebuerger Olympesche Comité, war selwer aktive Liichtathleet a seng Passioun huet dem Héichsprong gehéiert.
headphones

56 min

play_arrow

headphones

55 min

play_arrow

headphones

56 min

play_arrow
Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

D'Leeferin Dany Kaber, déi bei den Olympesche Summerspiller 1988 zu Seoul Siwent am Fraemarathon gouf, ass d’Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow
Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

D'Schauspillerin Annette Schlechter ass déi Kéier d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun Sot emol.
headphones

56 min

play_arrow
Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

D'Anabela an de Jorge Valente si schonn 10 Joer mat hirem Motorrad ënnerwee ronderëm d'Welt, ewell schonn iwwer 130.000 Kilometer.
headphones

56 min

play_arrow