Sot Emol
Roby Langers: De Fussball a vill schéin Amenter
56 min
Wann een zu Lëtzebuerg iwwer Fussball an och iwwer Fussballspiller schwätzt, da kënnt een net laanscht den Numm Roby Langers. 18 Joer laang war de Roby Langers als Fussballprofi Ambassadeur fir de Lëtzebuerger Fussball, mee och soss fir d’Land. Nieft Lëtzebuerg konnt de Roby Langers seng Passioun, de Fussball, an Däitschland, Frankräich grad wéi an der Schwäiz liewen. An dat a Veräiner, déi schonn eng grouss Renommée hunn: Borussia Mönchengladbach, Olympique Marseille, FC Metz, Nice oder Cannes, d’Eintracht vun Tréier an zu Lëtzebuerg den F91 Diddeleng, oder a virun allem d’Union aus der Stad, wou alles ugefaangen huet an och 1998 op en Enn gaangen ass.
Dann net ze vergiessen 73 Mol huet de Roby Langers och den Trikot vun de Roude Léiwe gedroen, mat engem memorabele Match, nämlech 1990 déi 2-3 Defaite géint de Weltmeeschter Däitschland.
A senger aktiver Karriär huet de Roby Langers mat grousse Fussballspiller zesummen um Terrain gestanen: Lothar Matthäus oder Zinédine Zidane, fir nëmmen déi zwee ze nennen an hie war 1987 Lëtzebuerger Sportler vum Joer.
Mee och no senger aktiver Karriär blouf de Roby Langers dem Fussball trei an hie suivéiert nach haut déi national an international Fussballzeen. Ervirzehiewen ass och säi sozialen Engagement fir SOS Villages d’enfants.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus