Den 2. Mäerz ass an der Philharmonie um Kierchbierg en Elvis Farewell Concert, mat am Mëttelpunkt de Steven Pitman. De Steven Pitman steet zanter 25 Joer hei zu Lëtzebuerg an doriwwer eraus fir dem Elvis seng Musek. Hien ass en Elvis-Tribut-Artist oder anescht gesot en Elvis-Imitateur, a vill Mënschen zu Lëtzebuerg hunn de Steven Pitman schonn emol iergendanzwousch héieren a gesinn.
Den Elvis Presley gehéiert zu deene Kënschtler, déi d'Musekswelt am meeschte markéiert hunn, a mat iwwer enger Milliard verkaaften Disken ass hien och dee Solo-Kënschtler mam wuel gréisste Succès vun allen Zäiten. Beim Elvis gëtt zanter ëmmer vum King of Rock’n’Roll geschwat. A genee deen Elvis huet et dem Steven Pitman ugedoen, och wann hien eréischt 12 Joer hat, wéi hien den Elvis kennegeléiert huet, de 16. August 1977, den Dag, op deem den Elvis am Alter vun 42 Joer gestuerwen ass. Iwwregens gouf dëst Joer, den 8. Januar, och un dem Elvis säin. 90 Anniversaire geduecht.
De Concert an der Philharmonie den 2. Mäerz ass e Concert mat, bildlech geschwat, engem A, dat laacht, an engem, dat kräischt. De Steven Pitman feiert mat dësem “Elvis Farewell Concert“ seng 25 Joer op der Bün als Elvis-Tribut-Artist, mee seet gläichzäiteg dem Publique Äddi.