Sot Emol
Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem
56 min
Am Fong ass Sport de roude Fuedem, dee sech duerch dem aktuellen Directeur technique vum COSL, dem Lëtzebuerger Olympesche Comité, säi Liewen zitt. Hie war selwer aktive Liichtathleet a seng Passioun huet dem Héichsprong gehéiert.
Nom Lycée huet hien zu Louvain an der Belsch fir Sportsproff studéiert, wat hien och laang Jore war. Weider huet hie sech als Trainer forméiere gelooss mat ënner anerem engem A-Trainer-Schäi fir Sprongdisziplinnen, an deenen hien och Nationaltrainer war.
Duerno koum d’Zäit am sougenannte Sportslycée, wou hien déi ganz oder op d’mannst e groussen Deel vun der Entwécklung matgemaach huet an tëschent 2012 an 2020 och Direkter war, bis hien d‘Plaz als Directeur technique vum COSl vum Heinz Thews iwwerholl huet.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus