Sot Emol
Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo
56 min
Mam Cyclocross um Dikrecher Härebierg an och mat der Victoire beim Cyclocross goung am November 2024 der Christine Majerus hir Profikarriär als Cyclistin definitiv op en Enn. No iwwer 40 Championstitelen, enge sëllege Victoiren op der Strooss an am Cyclocross, mat net manner wéi 4 Participatiounen op Olympesche Spiller, huet d‘Christine Majerus elo e Schlussstréch gezunn. Déi olympesch Aventure huet 2012 zu London ugefaangen, duerno waren et Spiller zu Rio, Tokyo an 2024 zu Paräis, mat um Enn enger 17. Plaz an der Dammen-Stroossecourse. Datt Christine Majerus ouni Zweiwel zu de grousse Lëtzebuerger Sportlerinne gehéiert, weist och datt si véier Mol Sportlerin vum Joer gouf.
D’Christine Majerus war an der Lëtzebuerg Arméi an der Elittesportsektioun, eng Zäit déi et hir erlaabt huet professionell ze ginn.
De Cyclissem ass e Sport, dee vill vum Concernéierte verlaangt, e groussen Trainingsopwand, vill Disziplin a quasi dat ganz Liewe gëtt ronderëm de Vëlo organiséieren.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus