Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Laurent Warnier: "D'Léift zur Musek"

Laurent Warnier: "D'Léift zur Musek"

headphones

55 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Et ass sécher net falsch ze soen, datt Perkussiounsinstrumenter zu de ganz beléiften Instrumenter gehéieren, an datt vill Kanner Loscht hunn ob déi Instrumenter, wou een drop schloe kann, se rësele kann asw. D'Perkussioun ass en Instrumentegenre, dee laang Zäit am Schied vu villen aneren Instrumenter stoung, an eréischt no an no gouf aus der Perkussioun als Orchesterinstrument och e Solo-Instrument.


De Perkussionist Laurent Warnier huet um Conservatoire zu Amsterdam an um Conservatoire vu Boston studéiert. Hien huet schonn als klenge Bouf mat der Musek ugefaangen. Hien, deen aus enger ganz musikalescher Famill kënnt, war vun Ufank u vun den Perkussiounsinstrumenter faszinéiert. Iwwert seng Formatioun um Escher Conservatoire huet säi Wee hien dunn op Amsterdam a Boston gefouert. An haut ass hie Perkussiounsproffesser am Stater Conservatoire an och am Conservatoire zu Amsterdam.


Vibraphon a Marimba


Zur Perkussioun gehéiere ganz vill Instrumenter, datt wëll de Laurent Warnier och ënnersträiche mä hien huet sech am Laf vu senge Studien a wärend senger musikalescher Entwécklung eng Zäit op dës zwee Instrumenter spezialiséiert.



"Well ech iergendwéi fonnt hunn, dat sinn déi Instrumenter mat deenen ee ka besser iwwert Musek kommunizéieren mat aneren klassesche Museker.(...) Wann s de wëlls mat engem Geiist iwwer Musek schwätzen dann hues de e ganz änlechen Langage um Marimba, d.h. iwwert Phrasé, iwwer Artikulatioun, iwwer Klangfaarwen, da kanns de do op enger Wellelinn mat engem Geiist schwätzen."



An eben alles wat de Laurent Warnier elo mat Vibraphon a Marimba geléiert huet, kann hien elo op déi aner Instrumenter iwwerhuelen.


Ganz enk mat China verbonnen


De Laurent Warnier hat am Lycée eng grouss Affinitéit fir Chimie, hätt sech schonn kéinten virstellen an dem Beräich weider ze goen, ma um Enn huet awer d'Léift zur Musek gewonnen. Zu Amsterdam konnt e seng Léift zur Musek liewen, an huet och privat d'Erfëllung fonnt, wou en nämlech wärend dem Studium seng Fra Rachel Xi Zhang kenne geléiert, selwer och Perkussionistin. An allebéid hunn den "Joint Venture Percussion Duo" gegrënnt. Aktuell schaffen se un engem neie Projet wou aus dem Duo awer en Trio ginn, mat zousätzlech engem Pianist.


Duerch eben d'Visitten bei der Famill vu senger Fra a China hat de Laurent Warnier och d'Méiglechkeet Concert a China ze spillen, well si zanter 2008 all Joers ëmmer erëm a China ware bis den Ufank vun der Pandemie, a béid hoffen awer geschwënn nees kënnen dohinner ze reesen. De Laurent Warnier huet och fir seng Relatiounen ze verbesseren ugefaange Chineesesch ze léieren.



"Bei mer war e gewëssenen Drock fir mat der Famill natierlech ze schwätzen, mä ech hunn ganz vill Zäit elo wärend der Pandemie investéiert fir schwätzen ze léieren.(...) Dass ech dat op d'Rei kréien, dass ech e Gespréich mat menger Famill ka féieren a China. Mä dat dauert laang, du huet ee guer keng Referenzpunkten zu iergend enger Sprooch(...) Als Museker huet ee vläicht liicht, méi Bezuch dozou, well een éischter héiert wann een eng Betounung falsch mécht."



Mat senge Fäegkeet Chineesesch ze schwätzen huet de Laurent Warnier awer grad hei zu Lëtzebuerg an engem Wäibuttek de ee chineesesche Propriétaire huet, eng flott Erfarung gemaach.



"Dunn hunn ech zwee Wierder op Chineesesch gesot. Do huet deen direkt mat mer op chineesesch ugefaange mat schwätzen. Do huet en dann eraus fonnt datt ech e bësse besser ka schwätzen an do huet e mech invitéiert fir hannendrun an d'Kichen ze komme fir Téi ze drénken. Do si lauter Kolleege komm vun him, do hunn ech mech gefillt wéi wann ech a China wär."



D'Musek ass omnipresent am Laurent Warnier sengem Liewen, mä wann en emol net direkt mat Musek ze dinn, dann huet dem Laurent Warnier awer och nach en aneren Hobby, en huet eng Formatioun als Sommelier gemaach a elo probéiert e Wäiner ze schmaachen an ze benennen.

Episoden

Michel Grevis: Ech sinn e virwëtzege Mënsch

Den Auteur, Zeechner, Kënschtler, passionéierte Schoulmeeschter a Responsabele vum Centre des Jeunes vum SNJ zu Huelmes ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun | © Chris Zeien

Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun

Dee fréieren Direkter vum Dikrecher Militärmusée
headphones

56 min

play_arrow
Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn" | © Jo Diseviscourt

Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn"

D'Actrice, Regisseurin an Dozentin am Escher Conservatoire huet zanter iwwer 30 Joer eng fest Plaz an der Lëtzebuerg Theater- a Filmzeen.
headphones

53 min

play_arrow
Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun | © Hardy Grüne

Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun

Den Auteur a Fussballhistoriker Hardy Grüne huet e Buch iwwer de Lëtzebuerger Fussball geschriwwen.
headphones

57 min

play_arrow

Véronique Fauconnet: D'Léift fir den Theater

D‘Directrice artistique vum TOL, dem Théâtre Ouvert Luxembourg, Actrice a Regisseurin Véronique Fauconnet ass d‘Invitée.
headphones

56 min

play_arrow

Fernand Weides: Säi Wee mam radio 100,7

Dee fréieren Direkter vum radio 100,7 Fernand Weides ass den Invité beim Jean Claude Majerus.
headphones

56 min

play_arrow

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow

Steven Pitman: Et soll een ophalen, wann et am Schéinsten ass

Den Elvis-Tribute-Artist Steven Pitmann, oder anescht gesot en Elvis-Imitateur, seet den 2. Mäerz mat engem grousse Concert an der Philharmonie no 25 Joer der Bün Äddi.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Marx: "Nos démocraties sont fragiles"

De Claude Marx huet 91 Joer. Hien ass en Iwwerliewende vun der Shoha a vum Zweete Weltkrich. Et ass him wichteg seng Geschicht, eng Geschicht, déi sécher fir vill Geschichte vu ville Mënsche steet, ze erzielen.
headphones

55 min

play_arrow

Roby Langers: De Fussball a vill schéin Amenter

Dee fréiere Fussballprofi a fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller
headphones

56 min

play_arrow
Dat dierf ni méi geschéien!

Dat dierf ni méi geschéien!

Virun 80 Joer hu russesch Zaldoten d'Konzentratiounslager Auschwitz liberéiert. Am Sot emol proposéiert de Jean Claude Majerus iech Temoignage vu Mënschen déi d'Hell vun Auschwitz iwwerlieft hunn.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Frisoni: E Liewen fir, an a mat der Kultur

De Kulturmënsch fir en esou ze nennen, Claude Frisoni ass déi Kéier dem Jean Claude Majerus säin Invité an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

No iwwer 40 Championstitelen, enge sëllege Victoiren op der Strooss an am Cyclocross, mat net manner wéi 4 Participatiounen op Olympesche Spiller, huet d‘Christine Majerus elo e Schlussstréch gezunn.
headphones

56 min

play_arrow
Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem | © Morgane Weidig

Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem

Deen aktuellen Directeur technique vum COSL, dem Lëtzebuerger Olympesche Comité, war selwer aktive Liichtathleet a seng Passioun huet dem Héichsprong gehéiert.
headphones

56 min

play_arrow

headphones

55 min

play_arrow

headphones

56 min

play_arrow
Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

D'Leeferin Dany Kaber, déi bei den Olympesche Summerspiller 1988 zu Seoul Siwent am Fraemarathon gouf, ass d’Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow
Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

D'Schauspillerin Annette Schlechter ass déi Kéier d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun Sot emol.
headphones

56 min

play_arrow
Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

D'Anabela an de Jorge Valente si schonn 10 Joer mat hirem Motorrad ënnerwee ronderëm d'Welt, ewell schonn iwwer 130.000 Kilometer.
headphones

56 min

play_arrow