Radioen

On air

9 bis 1  |  Janet Jackson - Got 'Til It's Gone

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Jana Degrott: " Ech sinn e risen Tollpatsch"

Jana Degrott: " Ech sinn e risen Tollpatsch"

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

D'Jana Degrott ass voller Energie, si spruddelt vun Iddien, Valeuren a Visiounen, si ass virun allem déi éischt Lëtzebuergerin, déi fir de Programm Obama Foundation Leaders Europe erausgewielt gouf an huet den Ex President Barack Obama perséinlech begéint. Eng iwwerwältegend Experienz, mee och eng richteg Unerkennung fir d'Droits Studentin, déi schonn zanter Joren an der Politik engagéiert ass. Am Gemengerot zu Steesel zanter de leschten Walen, mee eigentlech huet hire politesche Wee schonn am Lycée ugefaangen.


D'Jana Degrott ergräift Initiativen an ënnerstëtzt Initiativen.


Als jonk Politikerin, als Juristin, an als Persoun mat schwaarzer Hautfaarf, wëllt si hir Roll spillen an enger Welt, an där jidderengem seng Ambitioun eleng vun Talent gedriwwen ass. D'Motivatioun fir sech politesch ze engagéieren ass hir Reaktioun op hir perséinlech an existenziell Froen: Wie sinn ech? Wat kann ech maachen?


Si geet dovunner aus, datt Kanner a Jonker vu politeschen Entscheedungen, déi haut getraff ginn, am längste betraff sinn, dowéinst misste Jonker méi a politesch Entscheedungsprozesser agebonne sinn.


D'Jana Degrott ass an Däitschland, zu München, gebuer, vun enger Mamm, déi aus dem Togo kënnt an engem Lëtzebuerger Papp. Mat siwe Joer koum si op Lëtzebuerg. Ëmmer am Sënn fir eppes wëllen ze bewierken, huet si d'Plattform We Belong Europe mat gegrënnt. Do geet et drëms Mënschen d'Wuert ze ginn, déi wëllen als Modell stoe fir Jonker.


D'Jana Degrott seet, si hätt selwer misste Stigmatisatioun a Stereotyppen iwwerwannen, an deem klenge schwaarze Meedche wëlle weisen, datt alles méiglech ass.


Nieft Rassismus an Diversitéit ass Inclusioun ee vun hire grouss Sujeten. Och aus enger erliefter Situatioun eraus, hire Brudder leit nämlech ënner enger Forme vun Autismus. Hir Mamm huet sech vill ëm hie gekëmmert an dat huet d'Jana Degrott markéiert a staark gemaach. Si betount awer och, datt een net onbedéngt muss politesch aktiv si fir eppes ze bewierken, et géifen och aner Méiglechkeete gi sech an enger Gesellschaft ze engagéieren. Wichteg wier säi politescht Bewosstsinn ze entwéckelen an als Mënsch ze wuessen. Engagement zum Beispill am Humanitären an am Sozialen.


D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.

Episoden

Michel Grevis: Ech sinn e virwëtzege Mënsch

Den Auteur, Zeechner, Kënschtler, passionéierte Schoulmeeschter a Responsabele vum Centre des Jeunes vum SNJ zu Huelmes ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun | © Chris Zeien

Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun

Dee fréieren Direkter vum Dikrecher Militärmusée
headphones

56 min

play_arrow
Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn" | © Jo Diseviscourt

Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn"

D'Actrice, Regisseurin an Dozentin am Escher Conservatoire huet zanter iwwer 30 Joer eng fest Plaz an der Lëtzebuerg Theater- a Filmzeen.
headphones

53 min

play_arrow
Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun | © Hardy Grüne

Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun

Den Auteur a Fussballhistoriker Hardy Grüne huet e Buch iwwer de Lëtzebuerger Fussball geschriwwen.
headphones

57 min

play_arrow

Véronique Fauconnet: D'Léift fir den Theater

D‘Directrice artistique vum TOL, dem Théâtre Ouvert Luxembourg, Actrice a Regisseurin Véronique Fauconnet ass d‘Invitée.
headphones

56 min

play_arrow

Fernand Weides: Säi Wee mam radio 100,7

Dee fréieren Direkter vum radio 100,7 Fernand Weides ass den Invité beim Jean Claude Majerus.
headphones

56 min

play_arrow

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow

Steven Pitman: Et soll een ophalen, wann et am Schéinsten ass

Den Elvis-Tribute-Artist Steven Pitmann, oder anescht gesot en Elvis-Imitateur, seet den 2. Mäerz mat engem grousse Concert an der Philharmonie no 25 Joer der Bün Äddi.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Marx: "Nos démocraties sont fragiles"

De Claude Marx huet 91 Joer. Hien ass en Iwwerliewende vun der Shoha a vum Zweete Weltkrich. Et ass him wichteg seng Geschicht, eng Geschicht, déi sécher fir vill Geschichte vu ville Mënsche steet, ze erzielen.
headphones

55 min

play_arrow

Roby Langers: De Fussball a vill schéin Amenter

Dee fréiere Fussballprofi a fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller
headphones

56 min

play_arrow
Dat dierf ni méi geschéien!

Dat dierf ni méi geschéien!

Virun 80 Joer hu russesch Zaldoten d'Konzentratiounslager Auschwitz liberéiert. Am Sot emol proposéiert de Jean Claude Majerus iech Temoignage vu Mënschen déi d'Hell vun Auschwitz iwwerlieft hunn.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Frisoni: E Liewen fir, an a mat der Kultur

De Kulturmënsch fir en esou ze nennen, Claude Frisoni ass déi Kéier dem Jean Claude Majerus säin Invité an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

No iwwer 40 Championstitelen, enge sëllege Victoiren op der Strooss an am Cyclocross, mat net manner wéi 4 Participatiounen op Olympesche Spiller, huet d‘Christine Majerus elo e Schlussstréch gezunn.
headphones

56 min

play_arrow
Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem | © Morgane Weidig

Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem

Deen aktuellen Directeur technique vum COSL, dem Lëtzebuerger Olympesche Comité, war selwer aktive Liichtathleet a seng Passioun huet dem Héichsprong gehéiert.
headphones

56 min

play_arrow

headphones

55 min

play_arrow

headphones

56 min

play_arrow
Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

D'Leeferin Dany Kaber, déi bei den Olympesche Summerspiller 1988 zu Seoul Siwent am Fraemarathon gouf, ass d’Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow
Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

D'Schauspillerin Annette Schlechter ass déi Kéier d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun Sot emol.
headphones

56 min

play_arrow
Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

D'Anabela an de Jorge Valente si schonn 10 Joer mat hirem Motorrad ënnerwee ronderëm d'Welt, ewell schonn iwwer 130.000 Kilometer.
headphones

56 min

play_arrow