Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Lukas Held: "Ech sinn iwwerall net vun hei"

Lukas Held: "Ech sinn iwwerall net vun hei"

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

De Lukas Held ass deene meeschten Nolauschter:inne bekannt aus der Emissioun "Seismograph", wou hien all Donneschdeg seng Gedanke fléisse léisst zu deene verschiddenste Sujeten, déi zum Alldag gehéieren. Zum Beispill: Wat ass e schwaache Wëllen, kann een net wëllen, wat ass een Ereegnes, oder d'Perceptioun vun der Zäit?


Déi grouss Fro ass natierlech och: Wat ass Philosophie a wat ass e Philosoph? De Lukas Held géif sech selwer net direkt e Philosoph nennen, well hien nach ze vill Respekt virun där Denominatioun huet. Hien huet zwar e Masterdiplom, gesäit sech awer éischter als "Philosophielehrer" oder "Philosophievermittler"


"Filmstudies" oder Philosophie


An de belsche Lycéeë gëtt et, am Géigesaz zu de Lëtzebuerger Lycéeën, keen eigentleche Philosophiecours. Dofir koum de Lukas Held iwwer säi Latäincours bei d'Philosophie, wou hien dunn déi antik Philosophe kennegeléiert huet.


Oder och am Däitschen, wou se Nietzsche a Goethe gelies hunn, a säin Intressi ass ëmmer méi gewuess.



"Ech hunn eng Zäitchen gehadert tëschent Filmstudies a Philosophie. Meng Elteren hunn dunn awer fonnt, datt Philosophie eng besser Optioun wier, ech weess och net wisou. Mee ech sinn hinnen awer immens dankbar dofir, datt si dat ëmmer ënnerstëtzt hunn a mech encouragéiert hunn, well et ass jo awer och fir e jonke Mënsch elo kee Studium, deen onbedéngt eng grouss Karriär souzesoen versprécht, et ass elo net Medezin oder Droit."



"Ech hu keng Mammesprooch"


Dem Lukas Held seng Elteren sinn aus Neu-Belgien, d'Géigend vun der däitschsproocheger Communautéit an der Belsch ronderëm Eupen a Sankt Vith. D'Famill huet zu Lëtzebuerg gelieft an de Lukas Held ass zu Sankt Vith an d'Schoul gaangen. An duerch déi Situatioun huet de Lukas Held eng éischter gedeelte Relatioun zu Begrëffer wéi Heemecht oder och zur Sprooch.



"Dat Däitscht, dat ech schwätzen, do ass e groussen Accent dran an och a mengem Lëtzebuergeschen ass, wéi ee jo héiert, e groussen Accent, am Franséischen ass e groussen Accent. Am Fong hunn ech keng Mammesprooch."



Hie spiert sech wuel am Däitsche besser, mee wann hien an Däitschland geet, gëtt hie gefrot, ob hien Hollänner oder Fransous wier. Oder och zu Lëtzebuerg héiert een, datt de Lukas Held net vun hei ass.



"Iwwerall héiert een, datt ech net vun hei sinn, ech sinn iwwerall net vun hei. Dat huet mech scho markéiert déi Situatioun, mir hunn zu Lëtzebuerg gewunnt, an zu Sankt Vith war ech dann an der Schoul, ëmmer déi Situatioun, datt een als Bäigezunnene betruecht gëtt, dat huet mech scho markéiert, vläicht och an engem gewëssene Sënn traumatiséiert. An dat féiert dozou, datt ech eben Begrëffer wéi Heimat und Vaterland an esou weider, ganz kritesch géintiwwer stinn."


Episoden

Michel Grevis: Ech sinn e virwëtzege Mënsch

Den Auteur, Zeechner, Kënschtler, passionéierte Schoulmeeschter a Responsabele vum Centre des Jeunes vum SNJ zu Huelmes ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun | © Chris Zeien

Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun

Dee fréieren Direkter vum Dikrecher Militärmusée
headphones

56 min

play_arrow
Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn" | © Jo Diseviscourt

Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn"

D'Actrice, Regisseurin an Dozentin am Escher Conservatoire huet zanter iwwer 30 Joer eng fest Plaz an der Lëtzebuerg Theater- a Filmzeen.
headphones

53 min

play_arrow
Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun | © Hardy Grüne

Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun

Den Auteur a Fussballhistoriker Hardy Grüne huet e Buch iwwer de Lëtzebuerger Fussball geschriwwen.
headphones

57 min

play_arrow

Véronique Fauconnet: D'Léift fir den Theater

D‘Directrice artistique vum TOL, dem Théâtre Ouvert Luxembourg, Actrice a Regisseurin Véronique Fauconnet ass d‘Invitée.
headphones

56 min

play_arrow

Fernand Weides: Säi Wee mam radio 100,7

Dee fréieren Direkter vum radio 100,7 Fernand Weides ass den Invité beim Jean Claude Majerus.
headphones

56 min

play_arrow

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow

Steven Pitman: Et soll een ophalen, wann et am Schéinsten ass

Den Elvis-Tribute-Artist Steven Pitmann, oder anescht gesot en Elvis-Imitateur, seet den 2. Mäerz mat engem grousse Concert an der Philharmonie no 25 Joer der Bün Äddi.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Marx: "Nos démocraties sont fragiles"

De Claude Marx huet 91 Joer. Hien ass en Iwwerliewende vun der Shoha a vum Zweete Weltkrich. Et ass him wichteg seng Geschicht, eng Geschicht, déi sécher fir vill Geschichte vu ville Mënsche steet, ze erzielen.
headphones

55 min

play_arrow

Roby Langers: De Fussball a vill schéin Amenter

Dee fréiere Fussballprofi a fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller
headphones

56 min

play_arrow
Dat dierf ni méi geschéien!

Dat dierf ni méi geschéien!

Virun 80 Joer hu russesch Zaldoten d'Konzentratiounslager Auschwitz liberéiert. Am Sot emol proposéiert de Jean Claude Majerus iech Temoignage vu Mënschen déi d'Hell vun Auschwitz iwwerlieft hunn.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Frisoni: E Liewen fir, an a mat der Kultur

De Kulturmënsch fir en esou ze nennen, Claude Frisoni ass déi Kéier dem Jean Claude Majerus säin Invité an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

No iwwer 40 Championstitelen, enge sëllege Victoiren op der Strooss an am Cyclocross, mat net manner wéi 4 Participatiounen op Olympesche Spiller, huet d‘Christine Majerus elo e Schlussstréch gezunn.
headphones

56 min

play_arrow
Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem | © Morgane Weidig

Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem

Deen aktuellen Directeur technique vum COSL, dem Lëtzebuerger Olympesche Comité, war selwer aktive Liichtathleet a seng Passioun huet dem Héichsprong gehéiert.
headphones

56 min

play_arrow

headphones

55 min

play_arrow

headphones

56 min

play_arrow
Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

D'Leeferin Dany Kaber, déi bei den Olympesche Summerspiller 1988 zu Seoul Siwent am Fraemarathon gouf, ass d’Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow
Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

D'Schauspillerin Annette Schlechter ass déi Kéier d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun Sot emol.
headphones

56 min

play_arrow
Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

D'Anabela an de Jorge Valente si schonn 10 Joer mat hirem Motorrad ënnerwee ronderëm d'Welt, ewell schonn iwwer 130.000 Kilometer.
headphones

56 min

play_arrow