Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Annick Pütz: "E Liewe fir den Danz an d'Beweegung"

Annick Pütz: "E Liewe fir den Danz an d'Beweegung"

headphones

55 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

D'Choreografin an Dänzerin Annick Pütz ass Invitée beim Jean Claude Majerus. Et ass besonnesch den zäitgenësseschen Danz, deem hiert Häerz gehéiert. Et geet drëms sech iwwer d'Beweegung matzedeelen, Emotiounen ze transportéieren. A genee dat ass der Annick Pütz wichteg, nämlech op dat risegt Potential hinzeweisen, wéi mir eis iwwer eise Kierper kënne matdeelen. Der Annick Pütz hir Aktivitéite sinn diversifiéiert, si ass och nach Educatrice somatique par le Mouvement, a zertifiéiert am Body-Mind Centering, grad wéi am Toucher somatique biodynamique oder an der Pratique cranio-sacrale.


Schonn als Kand huet d'Annick Pütz sech gären zur Musek beweegt, a wéi si al genuch war fir de Bus eleng an d'Stad ze huelen, konnt si an eng Danzschoul goen. No der Première wollt si dunn awer probéieren den Danz zu hirem Beruff ze maachen, ouni datt et awer kloer war, ob dat kéint goen.



"Ech hunn do ugefaange mat modernem, zäitgenësseschem Danz an ee Joer méi spéit sinn ech op Rotterdam op d'Héichschoul komm an do ass et weidergaangen. (...) Ech ka mech erënneren, ech hu mer et eigentlech ni zougetraut, danzen."



An dat och, well ëmmer gesot gouf, mam Danze muss de fréi ufänken, soss ass et schwéier et als Beruff ze maachen. Bis si dunn e Film vun engem Ausdrocksdänzer, deen Autodidakt war, gesinn huet.



"A wou ech dee Film gesinn hunn, an ech gemierkt hunn, wéi deen Autodidakt, mat wéi enger Energie deen do erugaangen ass. Do hunn ech geduecht, mee dann ass et jo méiglech. An do hunn ech mech getraut, mer d'Fro ze stellen, vläicht kanns du et jo awer maachen."



An erauskoum e Liewe fir Danz a Beweegung.

Episoden

Michel Grevis: Ech sinn e virwëtzege Mënsch

Den Auteur, Zeechner, Kënschtler, passionéierte Schoulmeeschter a Responsabele vum Centre des Jeunes vum SNJ zu Huelmes ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun | © Chris Zeien

Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun

Dee fréieren Direkter vum Dikrecher Militärmusée
headphones

56 min

play_arrow
Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn" | © Jo Diseviscourt

Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn"

D'Actrice, Regisseurin an Dozentin am Escher Conservatoire huet zanter iwwer 30 Joer eng fest Plaz an der Lëtzebuerg Theater- a Filmzeen.
headphones

53 min

play_arrow
Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun | © Hardy Grüne

Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun

Den Auteur a Fussballhistoriker Hardy Grüne huet e Buch iwwer de Lëtzebuerger Fussball geschriwwen.
headphones

57 min

play_arrow

Véronique Fauconnet: D'Léift fir den Theater

D‘Directrice artistique vum TOL, dem Théâtre Ouvert Luxembourg, Actrice a Regisseurin Véronique Fauconnet ass d‘Invitée.
headphones

56 min

play_arrow

Fernand Weides: Säi Wee mam radio 100,7

Dee fréieren Direkter vum radio 100,7 Fernand Weides ass den Invité beim Jean Claude Majerus.
headphones

56 min

play_arrow

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow

Steven Pitman: Et soll een ophalen, wann et am Schéinsten ass

Den Elvis-Tribute-Artist Steven Pitmann, oder anescht gesot en Elvis-Imitateur, seet den 2. Mäerz mat engem grousse Concert an der Philharmonie no 25 Joer der Bün Äddi.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Marx: "Nos démocraties sont fragiles"

De Claude Marx huet 91 Joer. Hien ass en Iwwerliewende vun der Shoha a vum Zweete Weltkrich. Et ass him wichteg seng Geschicht, eng Geschicht, déi sécher fir vill Geschichte vu ville Mënsche steet, ze erzielen.
headphones

55 min

play_arrow

Roby Langers: De Fussball a vill schéin Amenter

Dee fréiere Fussballprofi a fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller
headphones

56 min

play_arrow
Dat dierf ni méi geschéien!

Dat dierf ni méi geschéien!

Virun 80 Joer hu russesch Zaldoten d'Konzentratiounslager Auschwitz liberéiert. Am Sot emol proposéiert de Jean Claude Majerus iech Temoignage vu Mënschen déi d'Hell vun Auschwitz iwwerlieft hunn.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Frisoni: E Liewen fir, an a mat der Kultur

De Kulturmënsch fir en esou ze nennen, Claude Frisoni ass déi Kéier dem Jean Claude Majerus säin Invité an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

No iwwer 40 Championstitelen, enge sëllege Victoiren op der Strooss an am Cyclocross, mat net manner wéi 4 Participatiounen op Olympesche Spiller, huet d‘Christine Majerus elo e Schlussstréch gezunn.
headphones

56 min

play_arrow
Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem | © Morgane Weidig

Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem

Deen aktuellen Directeur technique vum COSL, dem Lëtzebuerger Olympesche Comité, war selwer aktive Liichtathleet a seng Passioun huet dem Héichsprong gehéiert.
headphones

56 min

play_arrow

headphones

55 min

play_arrow

headphones

56 min

play_arrow
Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

D'Leeferin Dany Kaber, déi bei den Olympesche Summerspiller 1988 zu Seoul Siwent am Fraemarathon gouf, ass d’Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow
Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

D'Schauspillerin Annette Schlechter ass déi Kéier d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun Sot emol.
headphones

56 min

play_arrow
Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

D'Anabela an de Jorge Valente si schonn 10 Joer mat hirem Motorrad ënnerwee ronderëm d'Welt, ewell schonn iwwer 130.000 Kilometer.
headphones

56 min

play_arrow