Sot emol
Danielle Igniti: "Et muss een de Courage hunn net ze gefalen"
51 min
Aus der Kulturzeen an zu Diddeleng ass si net ewechzedenken. 12 Joer huet si de Kulturzentrum opderschmelz geleet, 20 Joer war si Presidentin vum Planning Familial.
Fir d'Danielle Igniti ass Kultur dat wichtegst, wat mir hunn. Mir musse kënnen eppes ausdrécken a kreativ sinn, als Kompensatioun zu eiser Gesellschaft, an där et dacks just ëm Produktivitéit geet. Konscht hält dem Konsum de Bass, fuerdert Duerchsetzungsverméigen, Iddien an e kritesche Geescht.
Hir Mamm ass mat hir progressiv zur Feministin ginn. Niewebäi war si parteipolitesch engagéiert bei der LSAP, wou si sech vill fir Fraequoten an d'Selbstbestëmmung vun der Fra agesat huet. An esou koum si an de Planning Familial.
D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.