Radioen

On air

9 bis 1  |  Fréijoersbotz fir de Kierper

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Rol Gelhausen: "Vu Kanech an d'Stad"

Rol Gelhausen: "Vu Kanech an d'Stad"

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Fir jiddwereen, dee Cabaret gären huet, war wuel de Cabarenert iwwer d'Joren eng Referenz hei zu Lëtzebuerg. E war eppes wéi de Spigel vun der politescher a gesellschaftlecher Situatioun zu Lëtzebuerg. Mat derbäi enger ganzer Palett vu Parodië vu Lëtzebuerger Politiker a Perséinlechkeeten. De Rol Gelhausen war vun Ufank un een Deel vum Cabarenert an dat an enger duebeler Funktioun, als Acteur, mee virun allem och als Auteur. An iwwerhaapt ass d'Schreiwe vu kabarettisteschen Texter e Genre, deen dem Rol Gelhausen läit.


D'Wuerzele vun Rol Gelhausen senger Presenz op der Bün leien zu Kanech, wou hien, wéi hie seet, carrement op d'Bün geschleeft gouf. Hien hat deemools fofzéng Joer a wéi op villen Dierfer hunn och zu Kanech déi verschidde Veräiner Theater gespillt. An et huet ëmmer nees u jonke Männer gefeelt. Ee Veräin koum bei de Rol Gelhausen heem schellen, datt hie soll mat spillen, well se nach ee gebraucht hu fir de "Jeune premier" ze spillen.



"Ech hu mech awer iwwerriede gelooss, an ech sinn awer um Ufank bal gestuerwen op der Bün. Dat waren déi éischt Schrëtt, an ech hunn awer gemierkt, datt et eppes Flottes wier. Op enger Bün ze stoen a Reaktiounen an engem Sall auszeléisen, dat gëtt awer ganz séier eng Freed an eng Sucht."



Den Theater goung awer net méi duer


Well de Rol Gelhausen an och anerer praktesch iwwerall an de Veräiner dunn Theater gespillt hunn, koum awer d'Loscht eppes aneschters ze probéieren. An do koum d'Iddi, well hie mol doruechter Cabaret kucke goung, ob dat net e Wee wier.



"An do si mer an déi Richtung gaangen, natierlech um Ufank mat Texter vun den aneren groussen Auteuren zu Lëtzebuerg: Braun, Schuster, Hoscheidt an esou weider, déi mer du geholl hunn. Bis mer do lues a lues ugefaangen hunn eis selwer dohinner ze setzen an Texter zesumme geschriwwen hunn. Dat huet sech ëmmer méi entwéckelt, bis dat awer herno schonn net esou schlecht war."


Episoden

Michel Grevis: Ech sinn e virwëtzege Mënsch

Den Auteur, Zeechner, Kënschtler, passionéierte Schoulmeeschter a Responsabele vum Centre des Jeunes vum SNJ zu Huelmes ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun | © Chris Zeien

Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun

Dee fréieren Direkter vum Dikrecher Militärmusée
headphones

56 min

play_arrow
Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn" | © Jo Diseviscourt

Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn"

D'Actrice, Regisseurin an Dozentin am Escher Conservatoire huet zanter iwwer 30 Joer eng fest Plaz an der Lëtzebuerg Theater- a Filmzeen.
headphones

53 min

play_arrow
Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun | © Hardy Grüne

Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun

Den Auteur a Fussballhistoriker Hardy Grüne huet e Buch iwwer de Lëtzebuerger Fussball geschriwwen.
headphones

57 min

play_arrow

Véronique Fauconnet: D'Léift fir den Theater

D‘Directrice artistique vum TOL, dem Théâtre Ouvert Luxembourg, Actrice a Regisseurin Véronique Fauconnet ass d‘Invitée.
headphones

56 min

play_arrow

Fernand Weides: Säi Wee mam radio 100,7

Dee fréieren Direkter vum radio 100,7 Fernand Weides ass den Invité beim Jean Claude Majerus.
headphones

56 min

play_arrow

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow

Steven Pitman: Et soll een ophalen, wann et am Schéinsten ass

Den Elvis-Tribute-Artist Steven Pitmann, oder anescht gesot en Elvis-Imitateur, seet den 2. Mäerz mat engem grousse Concert an der Philharmonie no 25 Joer der Bün Äddi.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Marx: "Nos démocraties sont fragiles"

De Claude Marx huet 91 Joer. Hien ass en Iwwerliewende vun der Shoha a vum Zweete Weltkrich. Et ass him wichteg seng Geschicht, eng Geschicht, déi sécher fir vill Geschichte vu ville Mënsche steet, ze erzielen.
headphones

55 min

play_arrow

Roby Langers: De Fussball a vill schéin Amenter

Dee fréiere Fussballprofi a fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller
headphones

56 min

play_arrow
Dat dierf ni méi geschéien!

Dat dierf ni méi geschéien!

Virun 80 Joer hu russesch Zaldoten d'Konzentratiounslager Auschwitz liberéiert. Am Sot emol proposéiert de Jean Claude Majerus iech Temoignage vu Mënschen déi d'Hell vun Auschwitz iwwerlieft hunn.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Frisoni: E Liewen fir, an a mat der Kultur

De Kulturmënsch fir en esou ze nennen, Claude Frisoni ass déi Kéier dem Jean Claude Majerus säin Invité an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

No iwwer 40 Championstitelen, enge sëllege Victoiren op der Strooss an am Cyclocross, mat net manner wéi 4 Participatiounen op Olympesche Spiller, huet d‘Christine Majerus elo e Schlussstréch gezunn.
headphones

56 min

play_arrow
Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem | © Morgane Weidig

Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem

Deen aktuellen Directeur technique vum COSL, dem Lëtzebuerger Olympesche Comité, war selwer aktive Liichtathleet a seng Passioun huet dem Héichsprong gehéiert.
headphones

56 min

play_arrow

headphones

55 min

play_arrow

headphones

56 min

play_arrow
Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

D'Leeferin Dany Kaber, déi bei den Olympesche Summerspiller 1988 zu Seoul Siwent am Fraemarathon gouf, ass d’Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow
Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

D'Schauspillerin Annette Schlechter ass déi Kéier d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun Sot emol.
headphones

56 min

play_arrow
Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

D'Anabela an de Jorge Valente si schonn 10 Joer mat hirem Motorrad ënnerwee ronderëm d'Welt, ewell schonn iwwer 130.000 Kilometer.
headphones

56 min

play_arrow