Sot emol
Philip Crowther
58 min
Déi meescht Nolauschter:inne kennen de Philip Crowther vun eise Wellen als Korrespondent fir de radio 100,7. Dëse Weekend war hien zu Lëtzebuerg, wou hien den officier de l'ordre du Mérite entgéintgeholl huet. Eng Auszeechnung, déi hie sech wéinst senger Berichterstattung a sechs Sprooche verdéngt huet.
De gebiertege Lëtzebuerger, deen iwwregens eréischt 2019 Lëtzebuerger gouf, schafft bei der Associated Press a bericht a sechs Sproochen, ouni Accent, den Ament an der Haaptsaach iwwer de Krich an der Ukrain. 1981 gebuer, hien huet Däitsch an Englesch geléiert, éier hie Lëtzebuergesch schwätze konnt. Hie war am Stater Kolléisch, wou hien 2001 seng Première gemaach huet, huet dunn zu London um King's College Spuenesch studéiert a säi Studium 2008 mat engem Bachelor of Arts ofgeschloss. Zousätzlech huet hien och nach e Studium am Tëlee-Journalismus op der University of the Arts gemaach.
D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.