Radioen

On air

Ligne 2  |  Ligne 2

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Tommy Schlesser: "Glieser hallef voll gesinn"

Tommy Schlesser: "Glieser hallef voll gesinn"

headphones

51 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Den Tommy Schlesser ass e Schauspiller, fir deen et am Filmgeschäft richteg gutt leeft. Zum Beispill ass hien an der zweeter Staffel vu "Capitani" ze gesinn - eng Serie, déi un Netflix verkaf gouf.

Am Kino stoung hien op der Affiche vun der spuenesch-lëtzebuergescher Koproduktioun "Lemon and Poppy Seed Cake". D'lescht Joer war hien zu Cannes um rouden Teppech fir de Film "Rebel" vum Adil El Arbi an Bilall Fallah, wou hien en IS-Kämpfer spillt.

An hie spillt och a "Läif a Séil" vum Loïc Tanson, an hie freet sech drop, wann "Die Bergretter" beim ZDF gewise ginn, um klengen Ecran, do wou Villes fir hien ugefaangen huet, notamment an Tëleesproduktioune vu Rosamunde Pilcher, oder "Das Traumschiff".

Den Tommy Schlesser huet schonn als Bouf mat sengem eelere Brudder Emile éischt kleng Filmer gedréit, de Fonke vun der Magie vun der Kamera ass jonk bei him eriwwer gesprongen. Dat, obwuel hien aus enger Famill vu Juriste kënnt. Säin Urgrousspapp, Grousspapp a Papp hunn dee Beruff ausgeüübt, an obwuel den Tommy Schlesser deen och ugehaangen huet, andeems hien Droit studéiert huet, ass hie séier nees vu senger Passioun dem Kino ugezu ginn.

Eigentlech wollt hien 2012 op Köln op d'Film Acting School goen, mee du krut hie seng éischt Roll ugebueden an der Lëtzebuerger Sitcom "Comeback". Dat war säin Debut. Säi Studium huet hien trotzdeem duerchgezunn, net zu Köln, mee zu Los Angeles.

2013-2014 hat hie seng eege Sketch-Comedy Serie "Wat Elo?" fir RTL Télé Lëtzebuerg, wou hien an circa 100 kuerzen Episoden zesumme mat sengem Brudder Émile Schlesser opgetrueden ass.

2015 war den Tommy Schlesser an enger Gaaschtroll an der däitscher RTL-Serie "GZSZ" als Austauschstudent Eike Habicht ze gesinn.

Am Kuerzfilm "Long Lost", deen als beschte Kuerzfilm beim Max Ophüls Preis nominéiert war, hat de Schlesser d'Roll vun engem jonke Strummert mat krimineller Vergaangenheet. 2018 war hien am lëtzebuergesche Kinosfilm "Superjhemp Retörns", nieft der Julie Kieffer an der Désirée Nosbusch ze gesinn.

Am Februar 2022 du fir vill Persounen e laang erwaarte Moment. Déi zweet Staffel vu "Capitani", an där hien d'Roll vun engem Drogeboss spillt.

D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.

Kultur
Politik a Gesellschaft

Episoden

Myriam Muller "E Liewe mam Theater"

Myriam Muller "E Liewe mam Theater"

D'Actrice, d'Enseignante an Theaterdirektesch ass Invitée.
headphones

55 min

play_arrow
Dr. Bernard Thill: D'Mënschlechkeet steet am Mëttelpunkt

Dr. Bernard Thill: D'Mënschlechkeet steet am Mëttelpunkt

Den Onkolog a Paliativmedezinner ass Invité. Hien huet en neit Buch mam Titel "Das Warschauer Konzert" derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Andy Maar

Invité ass de Member vu Rosa Lëtzebuerg an de Coordinateur vun der Luxembourg Pride.
headphones

55 min

play_arrow
Jean-Paul Maes: "Et kann ee Geschichten erzielen"

Jean-Paul Maes: "Et kann ee Geschichten erzielen"

Den Acteur, Auteur a Regisseur ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Tommy Schlesser: "Glieser hallef voll gesinn"

Tommy Schlesser: "Glieser hallef voll gesinn"

De Lëtzebuerger Comedian, Model an Acteur ass Invité.
headphones

51 min

play_arrow
Nadine  Zeien: "All Dag léieren ech eppes bäi"

Nadine Zeien: "All Dag léieren ech eppes bäi"

Op der Journée internationale des archives, den 9. Juni, ass d'Archivistin d'Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Jean-Paul Maes: "Et kann ee Geschichten erzielen"

Jean-Paul Maes: "Et kann ee Geschichten erzielen"

Den Acteur, Auteur a Regisseur ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Anna Schleimer: "Fuerscherin aus Virwëtz"

Anna Schleimer: "Fuerscherin aus Virwëtz"

Invitée ass eng jonk Lëtzebuerger Fuerscherin, déi en Doktorat an der Mieresbiologie huet a Walen erfuerscht.
headphones

44 min

play_arrow
Steve Boehm: "Mat der Käerjenger Museksschoul an der Philharmonie"

Steve Boehm: "Mat der Käerjenger Museksschoul an der Philharmonie"

De Cornist, Dirgent, Arrangeur, Komponist an Enseignant ass Invité.
headphones

57 min

play_arrow
John Rech: "Happy in my Treehouse"

John Rech: "Happy in my Treehouse"

Pénktlech fir d'Editioun 2020 vun der Fête de la Musique ass den Museker an Direkter vun "opderschmelz" den Invité.
headphones

49 min

play_arrow

Léa Linster: "Aus deem Einfachsten dat Bescht maachen"

D'Stären- a Spëtze-Kächin ass Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Tom Hillenbrand: "Kriminell Kulinarik"

Tom Hillenbrand: "Kriminell Kulinarik"

Den Auteur vun de Xavier-Kieffer-Romaner ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Serge Tonnar: "Mir hu geléiert Jo an Amen ze soen"

Serge Tonnar: "Mir hu geléiert Jo an Amen ze soen"

Den onofhängegen Auteur, Komponist, Interpret a Schauspiller, am Theater souwuel wéi am Kino, ass Invité.
headphones

52 min

play_arrow
Steve Boehm: "Mat der Käerjenger Museksschoul an der Philharmonie"

Steve Boehm: "Mat der Käerjenger Museksschoul an der Philharmonie"

De Cornist, Dirgent, Arrangeur, Komponist an Enseignant ass Invité.
headphones

57 min

play_arrow
Odile Simon: "Ech bleiwen der Kultur verflicht"

Odile Simon: "Ech bleiwen der Kultur verflicht"

Zanter 2007 ass si Direktesch vum regionalen Kulturzenter "Cube 521" zu Maarnech an elo ass et un der Zäit Äddi ze soen.
headphones

56 min

play_arrow
Claude Bache: "Den Dechen an den Dechenskeller"

Claude Bache: "Den Dechen an den Dechenskeller"

Den Deche vu Maacher, deen eng grouss Affinitéit fir Lëtzebuerger Sprooch huet, ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow

Andy Genen: "Een Zeechner ass een Handwierker"

De professionellen Zeechner, deen ënner dem Label ND publizéiert, war Invité am Mee 2022.
headphones

56 min

play_arrow
Ana Pinto: "Den Täter, net d'Affer soll Angscht hunn"

Ana Pinto: "Den Täter, net d'Affer soll Angscht hunn"

D'Invitée ass Affer vu Gewalt am Stot a grënnt eng Associatioun, fir datt Betraffener méi Rechter kréien, wa politesch a juristesch Reforme gemaach ginn. Si verzielt hir Geschicht.
headphones

51 min

play_arrow

Jim Schmitz: "Hei kënnt de Vullejemp"

Dee fréiere Buergermeeschter, Grënner, fréieren Direkter vum Haus vun der Natur a President vu Natur & Ëmwelt ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Anne Schroeder: "Als Fra solidaresch sinn"

Anne Schroeder: "Als Fra solidaresch sinn"

Si ass Realisatrice a Produzentin. Documentairë sinn hiren Dada, a si vermëscht Temoignagë mat Archivbiller.
headphones

56 min

play_arrow