Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Jean-Paul Maes: "Et kann ee Geschichten erzielen"

Jean-Paul Maes: "Et kann ee Geschichten erzielen"

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Acteur, Auteur a Regisseur si wuel déi dräi Pilieren, op deenen dem Jean-Paul Maes seng Aarbecht am Theater steet. De Jean-Paul Maes ass zanter Joerzéngten eng fest Gréisst an der Lëtzebuerger Theaterzeen an och doriwwer eraus.


Zu Graz an Éisträich huet de Jean-Paul Maes seng Theaterformatioun gemaach an duerno vill am däitschsproochege Raum gespillt, éier de Wee hien nees zeréck op Lëtzebuerg bruecht huet. De Jean-Paul Maes huet och ëmmer nei Iddien an den Theater bruecht, wéi de Stengeforter Theaterfestival, den Act-in-Festival oder säin aktuelle Projet, de Kaleidoskop Theater.


Dat Faszinant um Theater ass fir de Jean-Paul Maes, datt ee vun der Bün erof Geschichte kann erzielen. An hien erlieft och ëmmer erëm, wat een och iwwerrascht, datt Mënschen, wa si Stécker, an deenen hie gespillt huet, gesinn hunn, net nëmmen dat schauspilleresch Verhalen, mee dat Ganzt dacks och mat engem perséinlechen Erliefnes verbannen.



"Wéini sot een zu mir: 'Ech hu meng Fra kennegeléiert bei 'De Bauer gëtt Millionär', do hat dir d'Haaptroll.' Ech sot, dat war 1991. 'Jo, esou laang kennen ech meng Fra schonn.' Ech sot, ma wonnerbar, an dir sidd haut nach zesummen. (...)


An nach wéini sot eng Fra: ''Bartsch, Kindermörder' am Joer 2000, ech hunn dräi Nuechte net geschlof, wéi ech dat gesinn hunn?'."



An genee dat faszinéiert de Jean-Paul Maes och, well een de Mënschen eppes ka ginn, d'Geschicht a sech selwer. Dat selwecht zielt awer och fir de Regisseur an Auteur


Wéi kënne meng Stécker gespillt ginn?


A wa mir beim Auteur sinn: de Jean-Paul Maes seet, datt hie schonn als Kand ëmmer gär geschriwwen huet, als Jugendlechen huet hie sech dunn d'Fro gestallt, wéi hien un d'Schreiwe kéint kommen, well hie wollt ënner anerem och en Theaterstéck schreiwen.



"Ech duecht: du hues jo guer keng Méiglechkeet, datt een dat spillt. Déi eenzeg Méiglechkeet, déi et gëtt, ass datt s de selwer Schauspiller gëss. An da kann et och sinn, datt een deng Stécker spillt. Am Fong, ganz graff gesot, vläicht sinn ech och nëmme Schauspiller ginn, fir datt meng Stécker gespillt ginn."



Seng Duechter huet och d'Schauspillerei gewielt


Beim Jean-Paul Maes ass den Theater schonn eng Familljenaffär. Hien huet vill mat senger Fra, der Eva Paulin, zesummegeschafft. An dann ass seng Duechter Rosalie an de Professionalismus als Schauspillerin gaangen. An de Jean-Paul Maes huet schonn déi Zäit am Escher Conservatoire de Beruffswonsch bei senger Duechter gespiert. Mee heiansdo huet hie sech awer Fro gestallt, ob seng Duechter wéinst senger géif Schauspillerin ginn:



"Ob ech et net ze vill beaflosst hätt. Mee dat mengen ech awer net, hat ass eng jonk Fra, déi genee weess, wat si wëllt. An ech muss och soen, et war kee Feeler, well hatt ass, a mengen Aen, eng wonnerbar Schauspillerin, a mir geet ëmmer d'Häerz op, wann ech et spille gesinn."



Méi iwwer de Jean-Paul Maes fannt Dir och op kaleidoskop.lu.

Episoden

Michel Grevis: Ech sinn e virwëtzege Mënsch

Den Auteur, Zeechner, Kënschtler, passionéierte Schoulmeeschter a Responsabele vum Centre des Jeunes vum SNJ zu Huelmes ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun | © Chris Zeien

Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun

Dee fréieren Direkter vum Dikrecher Militärmusée
headphones

56 min

play_arrow
Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn" | © Jo Diseviscourt

Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn"

D'Actrice, Regisseurin an Dozentin am Escher Conservatoire huet zanter iwwer 30 Joer eng fest Plaz an der Lëtzebuerg Theater- a Filmzeen.
headphones

53 min

play_arrow
Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun | © Hardy Grüne

Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun

Den Auteur a Fussballhistoriker Hardy Grüne huet e Buch iwwer de Lëtzebuerger Fussball geschriwwen.
headphones

57 min

play_arrow

Véronique Fauconnet: D'Léift fir den Theater

D‘Directrice artistique vum TOL, dem Théâtre Ouvert Luxembourg, Actrice a Regisseurin Véronique Fauconnet ass d‘Invitée.
headphones

56 min

play_arrow

Fernand Weides: Säi Wee mam radio 100,7

Dee fréieren Direkter vum radio 100,7 Fernand Weides ass den Invité beim Jean Claude Majerus.
headphones

56 min

play_arrow

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow

Steven Pitman: Et soll een ophalen, wann et am Schéinsten ass

Den Elvis-Tribute-Artist Steven Pitmann, oder anescht gesot en Elvis-Imitateur, seet den 2. Mäerz mat engem grousse Concert an der Philharmonie no 25 Joer der Bün Äddi.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Marx: "Nos démocraties sont fragiles"

De Claude Marx huet 91 Joer. Hien ass en Iwwerliewende vun der Shoha a vum Zweete Weltkrich. Et ass him wichteg seng Geschicht, eng Geschicht, déi sécher fir vill Geschichte vu ville Mënsche steet, ze erzielen.
headphones

55 min

play_arrow

Roby Langers: De Fussball a vill schéin Amenter

Dee fréiere Fussballprofi a fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller
headphones

56 min

play_arrow
Dat dierf ni méi geschéien!

Dat dierf ni méi geschéien!

Virun 80 Joer hu russesch Zaldoten d'Konzentratiounslager Auschwitz liberéiert. Am Sot emol proposéiert de Jean Claude Majerus iech Temoignage vu Mënschen déi d'Hell vun Auschwitz iwwerlieft hunn.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Frisoni: E Liewen fir, an a mat der Kultur

De Kulturmënsch fir en esou ze nennen, Claude Frisoni ass déi Kéier dem Jean Claude Majerus säin Invité an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

No iwwer 40 Championstitelen, enge sëllege Victoiren op der Strooss an am Cyclocross, mat net manner wéi 4 Participatiounen op Olympesche Spiller, huet d‘Christine Majerus elo e Schlussstréch gezunn.
headphones

56 min

play_arrow
Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem | © Morgane Weidig

Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem

Deen aktuellen Directeur technique vum COSL, dem Lëtzebuerger Olympesche Comité, war selwer aktive Liichtathleet a seng Passioun huet dem Héichsprong gehéiert.
headphones

56 min

play_arrow

headphones

55 min

play_arrow

headphones

56 min

play_arrow
Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

D'Leeferin Dany Kaber, déi bei den Olympesche Summerspiller 1988 zu Seoul Siwent am Fraemarathon gouf, ass d’Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow
Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

D'Schauspillerin Annette Schlechter ass déi Kéier d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun Sot emol.
headphones

56 min

play_arrow
Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

D'Anabela an de Jorge Valente si schonn 10 Joer mat hirem Motorrad ënnerwee ronderëm d'Welt, ewell schonn iwwer 130.000 Kilometer.
headphones

56 min

play_arrow