Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Claude Bache: "Den Dechen an den Dechenskeller"

Claude Bache: "Den Dechen an den Dechenskeller"

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Zanter 2013 ass den Invité schonn Dechen op der Musel zu Maacher. Bis dohinner hat de Claude Bache awer schonn a laange Wee hanner sech, hei just e puer Statioune vu sengem Parcours: Diakon zu Rëmeleng, Kaploun zu Bouneweg grad wéi an der Kathedral, Paschtouer zu Conter an am Sirdall, 20 Joer Responsabele vun der Muttergottesoktav, 20 Joer laang Zeremoniar vum Äerzbëschof a Reliounsenseignant an Aumônier a verschidde Lycéeën.


De Claude Bache huet iwwer d'Massendénger de Wee bei Kierch fonnt, an et ass och virun allem säin Heemechtspaschtouer, deen hien och ferm beandrockt huet. A senger Schoulzäit gouf et nieft dem Wonsch Geeschtleche ze ginn och nach aner Beruffsperspektiven, déi de Claude Bache am Kapp hat, wéi Journalismus, Droit oder och Comptabel. Schlussendlech huet hien zu Tréier an op der Gregoriana zu Roum Theologie studéiert a gouf 1990 als Paschtouer geweit.


Dernieft ass hien awer och zanter 45 Joer aktive Musikant an der Fanfare Hueschtert, wou hie Saxofon Bariton spillt, huet Theater a Cabaret gespillt, ass Member a verschidde Chorallen, also de Gesang ass him och léif. A virun allem ass hien zanter fënnef Joer President vun der Aktioun Lëtzebuergesch. Hien huet deemno och eng grouss Affinitéit zur Lëtzebuerger Sprooch.


Dem Claude Bache säin Häerz schléit ausserdeem fir de Miseler Wäin. Hien ass Hobbywënzer mat 20 Ar Wéngert, déi e gepacht huet a wou hie Riesling, Pinot Gris a Pinot Noir mécht, eng 1.500 Fläschen d'Joer. A well zum Wäin eben dat gesellegt gehéiert, huet de Claude Bache a sengem Haus vu 1708 och de sougenannten Dechenskeller:



"Dat ass deemools gebaut gi vun enger Familljen, déi och Wënzer waren. (...) A wéi ech an d'Haus komm sinn, do war dat e Keller, wou Spawecken dra waren, et louchen dräi Fläschen do a Gromperen. An eng ganz schéin, al Trap, déi erofgeet mat enger herrlecher Dier baussen an den Haff. D'Haus ass nei gemaach gi mat Site et Monuments, et ass Dechenshaus vun der Par Maacher gewiescht. An dunn ass emol Luucht an de Keller komm, an do hunn ech dee Volume gesinn, an ech sot, et ass ze schued hei just Gromperen dranzeleeën, an do ass mer d'Iddi komm esou eng Wäistuff do anzeriichten."


Episoden

Michel Grevis: Ech sinn e virwëtzege Mënsch

Den Auteur, Zeechner, Kënschtler, passionéierte Schoulmeeschter a Responsabele vum Centre des Jeunes vum SNJ zu Huelmes ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun | © Chris Zeien

Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun

Dee fréieren Direkter vum Dikrecher Militärmusée
headphones

56 min

play_arrow
Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn" | © Jo Diseviscourt

Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn"

D'Actrice, Regisseurin an Dozentin am Escher Conservatoire huet zanter iwwer 30 Joer eng fest Plaz an der Lëtzebuerg Theater- a Filmzeen.
headphones

53 min

play_arrow
Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun | © Hardy Grüne

Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun

Den Auteur a Fussballhistoriker Hardy Grüne huet e Buch iwwer de Lëtzebuerger Fussball geschriwwen.
headphones

57 min

play_arrow

Véronique Fauconnet: D'Léift fir den Theater

D‘Directrice artistique vum TOL, dem Théâtre Ouvert Luxembourg, Actrice a Regisseurin Véronique Fauconnet ass d‘Invitée.
headphones

56 min

play_arrow

Fernand Weides: Säi Wee mam radio 100,7

Dee fréieren Direkter vum radio 100,7 Fernand Weides ass den Invité beim Jean Claude Majerus.
headphones

56 min

play_arrow

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow

Steven Pitman: Et soll een ophalen, wann et am Schéinsten ass

Den Elvis-Tribute-Artist Steven Pitmann, oder anescht gesot en Elvis-Imitateur, seet den 2. Mäerz mat engem grousse Concert an der Philharmonie no 25 Joer der Bün Äddi.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Marx: "Nos démocraties sont fragiles"

De Claude Marx huet 91 Joer. Hien ass en Iwwerliewende vun der Shoha a vum Zweete Weltkrich. Et ass him wichteg seng Geschicht, eng Geschicht, déi sécher fir vill Geschichte vu ville Mënsche steet, ze erzielen.
headphones

55 min

play_arrow

Roby Langers: De Fussball a vill schéin Amenter

Dee fréiere Fussballprofi a fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller
headphones

56 min

play_arrow
Dat dierf ni méi geschéien!

Dat dierf ni méi geschéien!

Virun 80 Joer hu russesch Zaldoten d'Konzentratiounslager Auschwitz liberéiert. Am Sot emol proposéiert de Jean Claude Majerus iech Temoignage vu Mënschen déi d'Hell vun Auschwitz iwwerlieft hunn.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Frisoni: E Liewen fir, an a mat der Kultur

De Kulturmënsch fir en esou ze nennen, Claude Frisoni ass déi Kéier dem Jean Claude Majerus säin Invité an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

No iwwer 40 Championstitelen, enge sëllege Victoiren op der Strooss an am Cyclocross, mat net manner wéi 4 Participatiounen op Olympesche Spiller, huet d‘Christine Majerus elo e Schlussstréch gezunn.
headphones

56 min

play_arrow
Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem | © Morgane Weidig

Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem

Deen aktuellen Directeur technique vum COSL, dem Lëtzebuerger Olympesche Comité, war selwer aktive Liichtathleet a seng Passioun huet dem Héichsprong gehéiert.
headphones

56 min

play_arrow

headphones

55 min

play_arrow

headphones

56 min

play_arrow
Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

D'Leeferin Dany Kaber, déi bei den Olympesche Summerspiller 1988 zu Seoul Siwent am Fraemarathon gouf, ass d’Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow
Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

D'Schauspillerin Annette Schlechter ass déi Kéier d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun Sot emol.
headphones

56 min

play_arrow
Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

D'Anabela an de Jorge Valente si schonn 10 Joer mat hirem Motorrad ënnerwee ronderëm d'Welt, ewell schonn iwwer 130.000 Kilometer.
headphones

56 min

play_arrow