Sot emol
Andy Maar
55 min
"Léift ass Léift" ass 2022 de Motto vum Pride Mount, déi de ganze Juni ofgehale gëtt. Domadder feiert d'LGBTQ+ Communautéit op Paraden a Fester d'Fräiheet hir Léift däerfen auszeliewen. Dat wat evident kléngt, ass et net onbedéngt, deemno soll drun erënnert ginn, datt d'LGBTIQ+ Communautéit Rechter verlaangt an datt et ëmmer nach Diskriminatioun wéinst sexueller Orientéierung gëtt an datt Homosexualitéit zum Beispill a ville Länner nach eng Strofdot ass.
Am Juli steet d'Pride am Mëttelpunkt vum Programm, mat enger spezial Editioun a Kollaboratioun mat Esch2022. D'Pride gouf 1999 fir d'éischte Kéier vu Rosa Lëtzebuerg organiséiert an den Andy Maar war du schonn dobäi.
Mam Andy Maar geet am Gespréich och rieds vum Rainbow Index, deen den Ëmgang mat de Rechter vun LGBTIQ+ Persounen bewäert. Donieft schwätzt hien iwwer säin eegene Coming Out a verzielt, wéi et sech als Homosexuellen zu Lëtzebuerg lieft.
Als Vertrieder vun der ASBL Rosa Lëtzebuerg fuerdert den Andy Maar net nëmmen, datt an der Verfassung dat drëtt Geschlecht unerkannt gëtt, mee och, datt sougenannt Konversiounstherapien hei am Land verbuede ginn. Als Rappell, d'ASBL Rosa Lëtzebuerg setzt sech fir d'Rechter vun Homo-, Bi-, Trans- an Intersex-Persounen an.
D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.