Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Myriam Muller "E Liewe mam Theater"

Myriam Muller "E Liewe mam Theater"

headphones

55 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Wann een e Mënsch misst nennen, bei deem den Theater a quasi alle Liewenssituatiounen eng grouss Plaz anhëlt, da kënnt engem sécher den Numm Myriam Muller mat als éischt an de Kapp. D'Myriam Muller ass Actrice, Regisseurin, si ass Enseignante fir Dictioun an Art dramatique am Stater Conservatoire a si ass Directrice vun engem Theater, nämlech den Théâtre du Centaure. An och privat an der Partnerschaft ass den Theater present. Dobäi war um Ufank den Theater awer u sech den zweete Choix, well der Myriam Muller hir éischt Léift war den Danz.


Aus der Dänzerin gouf eng Actrice


Scho ganz fréi als Kand huet d'Myriam Muller mam Danz ugefaangen an am Stater Conservatoire hir Formatioun gemaach. Den Danz sollt awer méi gi wéi just en Hobby. De Beruffswonsch hat sech scho forméiert. D'Myriam Muller huet et esou guer bis an d'Auditioun vun der Paräisser Oper gepackt, mee et koum anescht.



" Et war wierklech a menger Schlussauditioun zu Paräis, ech hat Auditiounen all gepackt fir Petit Rat ze ginn. An et war Schlussauditioun, wou mer awer nach zu achtzeg ware fir zwanzeg Plazen oder eng siechzeg fir zwanzeg Plazen. Also vun deenen dräi Dausend, déi virgedanzt hunn, war ech am leschten Tableau. An dunn hunn ech eng Fugue gemaach, ech sinn einfach net gaangen, ech sinn de ganzen Dag duerch Paräis gerannt. An dat war esou total dramatesch."



E Stéck Theatergeschicht


Aus den Danzcoursen sinn dunn Theatercourse ginn, a besonnesch d'Marja Leena Junker huet d'Myriam Muller ënnerstëtzt, un d'Actrice gegleeft an hir de Wee an den Theater gewisen. D'Myriam Muller ass eng fest etabléiert Actrice, Directrice vum Théâtre du Centaure an huet an de leschte Joren d'Léif zur Mise en scène entdeckt. Am Theater zu Lëtzebuerg huet si e Stéck Theatergeschicht geschriwwen an zwar mat der Eve Ensler hire "Monologues du Vagin", wou si zesumme mat der Marie-Paule von Roesgen an der Marja Leena Junker op der Bün stoung. Déi Lëtzebuerger Produktioun, déi bis ewell am dackste gespillt gouf. Iwwer 300 Mol an dat iwwer fënnef-sechs Joer verspreet. Mee iergendwa geet et awer duer.



"Et war een Ament zwar, du hu mer eis geduecht, besonnesch d'Marie-Paule an ech, do hate mer es op emol genuch: Awer ech mengen d'Marja Leena géif et elo nach spillen"


Episoden

Michel Grevis: Ech sinn e virwëtzege Mënsch

Den Auteur, Zeechner, Kënschtler, passionéierte Schoulmeeschter a Responsabele vum Centre des Jeunes vum SNJ zu Huelmes ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun | © Chris Zeien

Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun

Dee fréieren Direkter vum Dikrecher Militärmusée
headphones

56 min

play_arrow
Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn" | © Jo Diseviscourt

Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn"

D'Actrice, Regisseurin an Dozentin am Escher Conservatoire huet zanter iwwer 30 Joer eng fest Plaz an der Lëtzebuerg Theater- a Filmzeen.
headphones

53 min

play_arrow
Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun | © Hardy Grüne

Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun

Den Auteur a Fussballhistoriker Hardy Grüne huet e Buch iwwer de Lëtzebuerger Fussball geschriwwen.
headphones

57 min

play_arrow

Véronique Fauconnet: D'Léift fir den Theater

D‘Directrice artistique vum TOL, dem Théâtre Ouvert Luxembourg, Actrice a Regisseurin Véronique Fauconnet ass d‘Invitée.
headphones

56 min

play_arrow

Fernand Weides: Säi Wee mam radio 100,7

Dee fréieren Direkter vum radio 100,7 Fernand Weides ass den Invité beim Jean Claude Majerus.
headphones

56 min

play_arrow

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow

Steven Pitman: Et soll een ophalen, wann et am Schéinsten ass

Den Elvis-Tribute-Artist Steven Pitmann, oder anescht gesot en Elvis-Imitateur, seet den 2. Mäerz mat engem grousse Concert an der Philharmonie no 25 Joer der Bün Äddi.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Marx: "Nos démocraties sont fragiles"

De Claude Marx huet 91 Joer. Hien ass en Iwwerliewende vun der Shoha a vum Zweete Weltkrich. Et ass him wichteg seng Geschicht, eng Geschicht, déi sécher fir vill Geschichte vu ville Mënsche steet, ze erzielen.
headphones

55 min

play_arrow

Roby Langers: De Fussball a vill schéin Amenter

Dee fréiere Fussballprofi a fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller
headphones

56 min

play_arrow
Dat dierf ni méi geschéien!

Dat dierf ni méi geschéien!

Virun 80 Joer hu russesch Zaldoten d'Konzentratiounslager Auschwitz liberéiert. Am Sot emol proposéiert de Jean Claude Majerus iech Temoignage vu Mënschen déi d'Hell vun Auschwitz iwwerlieft hunn.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Frisoni: E Liewen fir, an a mat der Kultur

De Kulturmënsch fir en esou ze nennen, Claude Frisoni ass déi Kéier dem Jean Claude Majerus säin Invité an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

No iwwer 40 Championstitelen, enge sëllege Victoiren op der Strooss an am Cyclocross, mat net manner wéi 4 Participatiounen op Olympesche Spiller, huet d‘Christine Majerus elo e Schlussstréch gezunn.
headphones

56 min

play_arrow
Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem | © Morgane Weidig

Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem

Deen aktuellen Directeur technique vum COSL, dem Lëtzebuerger Olympesche Comité, war selwer aktive Liichtathleet a seng Passioun huet dem Héichsprong gehéiert.
headphones

56 min

play_arrow

headphones

55 min

play_arrow

headphones

56 min

play_arrow
Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

D'Leeferin Dany Kaber, déi bei den Olympesche Summerspiller 1988 zu Seoul Siwent am Fraemarathon gouf, ass d’Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow
Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

D'Schauspillerin Annette Schlechter ass déi Kéier d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun Sot emol.
headphones

56 min

play_arrow
Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

D'Anabela an de Jorge Valente si schonn 10 Joer mat hirem Motorrad ënnerwee ronderëm d'Welt, ewell schonn iwwer 130.000 Kilometer.
headphones

56 min

play_arrow