Radioen

On air

9 bis 1  |  Almost Monday - Holiday

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Odile Simon: "Ech bleiwen der Kultur verflicht"

Odile Simon: "Ech bleiwen der Kultur verflicht"

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

An dëser Episod vun "Sot emol kuckt de Jean Claude Majerus mat senger Invitée op déi lescht 15 Jore zeréck. 2007 ass de Kulturzenter "Cube 521" zu Maarnech nämlech opgaangen an zanter deem ass d'Odile Simon Direktesch vun dësem regionale Kulturzenter. No hire Statiounen um Schauspielhaus zu Zürech, der Landesbühne zu Esslingen a virun allem um Grips-Theater zu Berlin hat d'Odile Simon de Wonsch an de Besoin zeréck op Lëtzebuerg ze kommen. A mat der Direktioun am Cube 521 huet d'Odile Simon ganz uewen am Norden vun eisem Land, der Kultur en neien Driff ginn. An och d'Méiglechkeet genotzt d'Liewensqualitéit duerch Kultur ze erhéijen. De Cube 521 huet an deene 15 Joer och eng fest Plaz op der kultureller Landkaart am Land kritt an huet déi ganz Regioun ganz sécher beräichert.


Mä elo ass awer fir d'Odile Simon den Ament komm fir dem Cube 521 zu Maarnech Äddi ze soen. D'Odile Simon geet, an déi, wéi si seet, sougenannten Pensioun, wat awer relativ ass. Fir d'Odile Simon waren déi 15 Joer am Cube eng intressant a flott Zäit, mat eben der Missioun e Kulturhaus am Éislek ze etabléieren.


Schonn Enn 2022 ass de Stéchdatum fir hiren Depart, mä déi Iddi op ze halen ass bei der Odile Simon awer weder am Kapp nach am Häerz bis ewell ukomm.Mä souwisou ass et absurd ze soen, wann een an der Kultur schafft: Ech halen op! Well d'Kulturaarbecht mécht een aus Leidenschaft, well een un eppes gleeft an och well een dat als seng Missioun gesäit.



"An da kann ee net elo soen, vun haut op moar, meng Aufgab ass elo erleedegt, elo ginn ech an Äddi a Merci, dat geet guer net. Also, ech denken ech bleiwen der Kultur Kultur verflicht. Wat ech elo natierlech geschenkt kréien, dat ass Zäit, dat ass dat Wäertvollst wat mer hunn. Einfach emol vill méi Zäit fir kënnen ze soen: Ok, do ass e flotte Projet, do kréien ech d'Méiglechkeet mat ze maachen an do maachen ech mat. Schlussendlech kommen ech aus dem Theaterberäich an dat ass eng Leidenschaft déi ass do, déi geet och net fort.


Episoden

Michel Grevis: Ech sinn e virwëtzege Mënsch

Den Auteur, Zeechner, Kënschtler, passionéierte Schoulmeeschter a Responsabele vum Centre des Jeunes vum SNJ zu Huelmes ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun | © Chris Zeien

Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun

Dee fréieren Direkter vum Dikrecher Militärmusée
headphones

56 min

play_arrow
Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn" | © Jo Diseviscourt

Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn"

D'Actrice, Regisseurin an Dozentin am Escher Conservatoire huet zanter iwwer 30 Joer eng fest Plaz an der Lëtzebuerg Theater- a Filmzeen.
headphones

53 min

play_arrow
Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun | © Hardy Grüne

Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun

Den Auteur a Fussballhistoriker Hardy Grüne huet e Buch iwwer de Lëtzebuerger Fussball geschriwwen.
headphones

57 min

play_arrow

Véronique Fauconnet: D'Léift fir den Theater

D‘Directrice artistique vum TOL, dem Théâtre Ouvert Luxembourg, Actrice a Regisseurin Véronique Fauconnet ass d‘Invitée.
headphones

56 min

play_arrow

Fernand Weides: Säi Wee mam radio 100,7

Dee fréieren Direkter vum radio 100,7 Fernand Weides ass den Invité beim Jean Claude Majerus.
headphones

56 min

play_arrow

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow

Steven Pitman: Et soll een ophalen, wann et am Schéinsten ass

Den Elvis-Tribute-Artist Steven Pitmann, oder anescht gesot en Elvis-Imitateur, seet den 2. Mäerz mat engem grousse Concert an der Philharmonie no 25 Joer der Bün Äddi.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Marx: "Nos démocraties sont fragiles"

De Claude Marx huet 91 Joer. Hien ass en Iwwerliewende vun der Shoha a vum Zweete Weltkrich. Et ass him wichteg seng Geschicht, eng Geschicht, déi sécher fir vill Geschichte vu ville Mënsche steet, ze erzielen.
headphones

55 min

play_arrow

Roby Langers: De Fussball a vill schéin Amenter

Dee fréiere Fussballprofi a fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller
headphones

56 min

play_arrow
Dat dierf ni méi geschéien!

Dat dierf ni méi geschéien!

Virun 80 Joer hu russesch Zaldoten d'Konzentratiounslager Auschwitz liberéiert. Am Sot emol proposéiert de Jean Claude Majerus iech Temoignage vu Mënschen déi d'Hell vun Auschwitz iwwerlieft hunn.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Frisoni: E Liewen fir, an a mat der Kultur

De Kulturmënsch fir en esou ze nennen, Claude Frisoni ass déi Kéier dem Jean Claude Majerus säin Invité an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

No iwwer 40 Championstitelen, enge sëllege Victoiren op der Strooss an am Cyclocross, mat net manner wéi 4 Participatiounen op Olympesche Spiller, huet d‘Christine Majerus elo e Schlussstréch gezunn.
headphones

56 min

play_arrow
Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem | © Morgane Weidig

Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem

Deen aktuellen Directeur technique vum COSL, dem Lëtzebuerger Olympesche Comité, war selwer aktive Liichtathleet a seng Passioun huet dem Héichsprong gehéiert.
headphones

56 min

play_arrow

headphones

55 min

play_arrow

headphones

56 min

play_arrow
Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

D'Leeferin Dany Kaber, déi bei den Olympesche Summerspiller 1988 zu Seoul Siwent am Fraemarathon gouf, ass d’Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow
Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

D'Schauspillerin Annette Schlechter ass déi Kéier d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun Sot emol.
headphones

56 min

play_arrow
Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

D'Anabela an de Jorge Valente si schonn 10 Joer mat hirem Motorrad ënnerwee ronderëm d'Welt, ewell schonn iwwer 130.000 Kilometer.
headphones

56 min

play_arrow