Radioen

On air

Notturno  |  Maz Univerze - Eyeliner

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Ana Pinto: "Den Täter, net d'Affer soll Angscht hunn"

Ana Pinto: "Den Täter, net d'Affer soll Angscht hunn"

headphones

51 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

D'Ana Pinto huet 2002 ee Mann kennegeléiert, dee wéi e charmante Prënz op si gewierkt huet. D'Magie huet net laang ugehalen. Wat mat psychescher Gewalt ugefaangen huet, ass séier a physesch Gewalt iwwergaangen. Si gouf geschloen, mëssbraucht, manipuléiert an isoléiert, bis hiren Täter si Spidols-räif geschloen huet, a si enges Nuets mat hirem Jong vun dräi Joer fortgelaf ass. Dat war 2011. Dunn ass ee laangen a penibele juristesche Wee lassgaangen. D'Scheedung gouf eréischt 2019 gesprach, a si kämpft nach fir den Ënnerhalt um Geriicht.

Hir Geschicht vu Gewalt a Mëssbrauch huet een Däiwelskrees erginn, aus deem d'Ana Pinto nëmme schwéier erauskoum. Hiren Ex-Mann gouf an drëtter Instanz zu enger Geldstrof verurteelt, d'Prozedur huet sechs Joer gedauert. Sechs laang Joren, deen Delai misst der Ana Pinto no onbedéngt verkierzt ginn.

Si ass elo amgaang mat anere fréieren Affer eng Associatioun ze grënnen, déi als Zil huet betraffene Leit ze hëllefen an hinnen e Matsproocherecht soll ginn. Si wëllen als Affer gefrot ginn, wa politesch oder juristesch Reforme gemaach ginn. D'Associatioun La Voix des Survivant(e)s wëllt op Problemer opmierksam maachen, mee och eng Ulafstell bidde fir Persounen, déi vu Gewalt betraff sinn. Zesummen hätt ee méi Gewiicht, et géif ee sech nämlech dacks eleng fillen, an et wéisst een net, wouhinner oder wat maachen. Et wéilt een och benevole Professioneller, wéi Affekoten, mat an d'Boot huelen, fir betraffene Leit konkret kënnen ze hëllefen, zum Beispill och fir eng Plainte ze maachen.

D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.



Politik a Gesellschaft

Episoden

Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap | © Jean-Claude Majerus

Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap

Oder einfach nëmmen "De Claus" ass den Invité. Hie spillt a séngt d’Hitparad vun de Lëtzebuerger Lidder erop an erof.
Paul Philipp - Spiller, Trainer, President

Paul Philipp - Spiller, Trainer, President

Dee fréiere Fussballprofi an aktuelle President vun der FLF ass Invité um dag vun der Finall vun der Europameeschterschaft.
headphones

55 min

play_arrow

Ingrid Schwarz: Modernt Jodelen

D'Sängerin an Pinaistin Ingrid Schwarz ass d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Sean Grethen

Sean Grethen

D'Passioun Aarmdrécken
headphones

55 min

play_arrow
Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil

Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil

De Museker a Sänger Änder Hirt ass den Invité.
headphones

56 min

play_arrow

Martin Engler: "Den Dag ass 24 Stonne laang a ënnerschiddlech breet"

Den däitschen Multi-Kënschtler Martin Engler ass Invité.
headphones

55 min

play_arrow

Jean-Paul Raths

De Lëtzebuerger Schauspiller a Regisseur deen zanter 1979 als Schauspiller op ville Bünen hei a virun allem am däitschsproocheg Raum ënnerwee ass.
headphones

55 min

play_arrow

Stephan Quintus: A Schweden en neit Dohemm fonnt

De Stephan Quintus ass mat senger Fra an seng véier Bouwen a Schweden ausgewandert. An iwwert hiert neit Liewen erzielt hien als Invité dem Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Jean  Portante: Schwaarz Gezei a roude Schal | © Jean-Claude Majerus

Jean Portante: Schwaarz Gezei a roude Schal

De Poet a Schrëftsteller an zanter dem Ufank Mataarbechter vum radio 100,7 Jean Portante ass déi Kéier den Invité beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "sot emol"
headphones

55 min

play_arrow
Guy Conter: E räicht Musekerliewen

Guy Conter: E räicht Musekerliewen

De Invité déi Kéier am Sot de emol ass de Museker an Museksprf am Escher Conservatoire de Guy Conter.
headphones

58 min

play_arrow

Anne Simon: Vu London op Lëtzebuerg

D‘Regisseurin Anne Simon déi scho ganz fréi d‘Iddi vum Theater am Kapp hat ass déi Kéier Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun „Sot emol“
headphones

56 min

play_arrow

Hannah Noack: Musical ass meng grouss Passioun

D’Enseignante fir moderne Gesang a Vokalpädagogie huet Musical a Musekserzéiung studéiert, ass deemno gutt positionéiert fir iwwer d’Musicalwelt ze schwätzen.
headphones

55 min

play_arrow
Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester

Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester

No bal 35 Joer huet den Eugène Prim als Generaldirekter vun der Solistes Européens, Luxembourg opgehalen, hien, deen dësen Orchester matgegrënnt huet.
headphones

56 min

play_arrow

Marie-Josée Jacobs

De Mënschen ze hëllefen, dat passt bei d’Invitée: Infirmière-Anästhesistin, aktiv an der Gewerkschaft, zwanzeg Joer Ministerin an elo benevollen Engagement bei der Caritas.
headphones

54 min

play_arrow

Kimberly Darcy Mae

D‘Invitée war Héichleeschtungssportlerin. Karate war an ass nach eng Passioun.
headphones

56 min

play_arrow

René Closter: "Mir brauchen en Helikopter, ça passe ou ça casse“

De Grënner a President vun der Luxemburg Air Rescue ass den Invité. 1988 ass d’Luxemburg Air Rescue mat engem gelounten Helikopter lassgaangen.
headphones

54 min

play_arrow
Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"

Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"

Seet d'Invitée, d'Pianosproff an Enseignante fir d'Formation musicale.
headphones

56 min

play_arrow

Carlo Link: Radio, seng grouss Passioun

E Radiosmënsch, mat deem mir bei d‘Originne vum radio 100,7, dem soziokulturelle Radio, wéi soss gesot gouf, zeréckginn.
headphones

55 min

play_arrow
Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap | © Jean-Claude Majerus

Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap

Oder einfach nëmmen "De Claus" ass den Invité. Hie spillt a séngt d’Hitparad vun de Lëtzebuerger Lidder erop an erof.
headphones

55 min

play_arrow
Jean Paul Raths: Ouni Theatererfarung op d'Schauspillschoul

Jean Paul Raths: Ouni Theatererfarung op d'Schauspillschoul

De Lëtzebuerger Acteur a Regisseur war den Invité.
headphones

55 min

play_arrow