Sot emol
Tom Hillenbrand: "Kriminell Kulinarik"
56 min
![on the headlines](/legacy/images/74722/image-thumb__74722__base_thumbnail/Tom%20Hillenbrand.960dbe94.jpg)
Seet Iech den Numm Xavier Kieffer eppes? De Xavier Kieffer ass eng Romanfigur vum däitschen Auteur Tom Hillenbrand. Et ass e Lëtzebuerger Kach, deen awer gären als Detektiv mat senger kriminalistescher Nues doruechter ënnerwee ass an enquêtéiert an dobäi dacks an zimmlech quokeleg Affäre geréit. Enn lescht Joer koum deen ewell scho siwente Xavier-Kieffer-Roman eraus, mam Titel "Goldenes Gift".
Normal
0
false
false
false
LB-LU
X-NONE
X-NONE
/* Style Definitions */
table.MsoNormalTable
{mso-style-name:"Table Normal";
mso-tstyle-rowband-size:0;
mso-tstyle-colband-size:0;
mso-style-noshow:yes;
mso-style-priority:99;
mso-style-parent:"";
mso-padding-alt:0cm 5.4pt 0cm 5.4pt;
mso-para-margin-top:0cm;
mso-para-margin-right:0cm;
mso-para-margin-bottom:10.0pt;
mso-para-margin-left:0cm;
line-height:150%;
mso-pagination:widow-orphan;
font-size:16.0pt;
font-family:"Times New Roman",serif;
mso-bidi-font-family:"Times New Roman";
mso-bidi-theme-font:minor-bidi;
mso-fareast-language:EN-US;}
Et wier engem wuel ni an de Kapp, mee och den Hunneg ass quasi weltwäit e Beräich, wou net nëmmen éierlech Geselle probéieren hir Geschäfter ze maachen.
Den Tom Hillenbrand huet sech schonn ëmmer fir d'Kulinarik an de Liewensmëttelberäich intresséiert, ouni datt et him um Ufank awer bewosst war, wéi vill kriminelle Potential an deem Beräich läit. An d'Iddi fir e Roman an deem Kontext ze schreiwe koum dem Auteur no engem Reportage iwwer e Food-Scout. Datt elo awer e Lëtzebuerger Kach a säi fiktive Restaurant "Les deux églises" tëschent Clausen an dem Gronn géifen esou eng dominant Plaz a senge Xavier-Kieffer-Romaner kréien, kënnt doduerch, datt den Tom Hillenbrand als Stagiaire um Kierchbierg beim europäesche Parlament geschafft huet. Mee awer och, well hie fënnt, datt Lëtzebuerg vill Méiglechkeet bitt Geschichten ze schreiwen, d'EU-Politik, vill Diplomaten, vill Banken an dann och d'Proximitéit besonnesch zu Frankräich.
De Virnumm Xavier war en Zoufall
2011 koum deen éischte Xavier-Kieffer-Roman eraus mam Titel "Teufelsfrucht". De Xavier Kieffer war gebuer, an de Choix vum Numm war vum Tom Hillenbrand scho bal visionär, well 2013 en anere Xavier, nämlech de Xavier Bettel Lëtzebuerger Premier gouf.
"Also die Namesngenese ist schrecklich banal, ehrlich gesagt, ich hab mir eine Liste besorgt, der zehn häufigsten luxemburgischen Vor- und Nachnamen und dann hab ich mir zwei ausgesucht, die mir gefallen haben. Genau, das ist jetzt nicht mehr der einzige bekannte Xavier."
Et ass och allkéiers nees eng Iwwerraschung fir den Tom Hillenbrand, wann en un engem neie Xavier-Kieffer-Roman schafft an dann nees op Lëtzebuerg kënnt fir sech Plazen, déi hie wëllt beschreiwen nach emol genee unzekucken. Well besonnesch de Kierchbierg sech dach vu Joer zu Joer verännert a virun allem, wéi de Tom Hillenbrand seet, ëmmer méi gréng gëtt an ëmmer méi Vëlosspueren dobäi kommen. An doriwwer gëtt hien, dee jo zu München lieft, schonn emol jalous.
An natierlech gefält dem Tom Hillenbrand och den Tram, well hien ëmmer op der Sich no neie Méiglechkeeten ass, fir seng kriminell Geschichten ze placéieren. An da kënnt nach dobäi, datt den Tram an den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg gratis ass.
"Ja, das ist unglaublich, dass das alles gratis ist, und dass alles fonktioniert. Also alleine, wie viele Busse ich am Sonntagsmorgen hier durch die Stadt habe fahren sehn, da ist bei uns zuhause Totenstille. Die Veränderunggeschwindigkeit ist sehr gross."
Den Tom Hillennrand schreift awer net nëmme seng Romaner mam Lëtzebuerger Kach, mee säi Schreiwe bitt vill Ofwiesslung, vun éischter historesche Romaner bis bei, jo bal, Science-Fiction-Visioune wéi de Roman "Hologrammatica", wou et ëm kënschtlech Intelligenz geet, a wou een net méi weess, ob een et elo mat richtege Mënschen oder just nach Hologrammen ze dinn huet.
Méi iwwer den Tom Hillenbrand hei
Episoden
![Ben Claus | © Jean-Claude Majerus Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap | © Jean-Claude Majerus](/1_Foto/100komma7.lu/144212/image-thumb__144212__base_thumbnail/Ben%20Claus.0c09a58e.jpg)
Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap
Oder einfach nëmmen "De Claus" ass den Invité. Hie spillt a séngt d’Hitparad vun de Lëtzebuerger Lidder erop an erof.
![Paul Philipp - Spiller, Trainer, President](/_default_upload_bucket/190437/image-thumb__190437__base_thumbnail/Paul%20Philippe%20Sot%20Emol.4604c7db.jpg)
Paul Philipp - Spiller, Trainer, President
Dee fréiere Fussballprofi an aktuelle President vun der FLF ass Invité um dag vun der Finall vun der Europameeschterschaft.
Ingrid Schwarz: Modernt Jodelen
D'Sängerin an Pinaistin Ingrid Schwarz ass d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"
![Sean Grethen](/1_Foto/100komma7.lu/187330/image-thumb__187330__base_thumbnail/Sean%20Grethen.df7a6c9a.jpg)
Sean Grethen
D'Passioun Aarmdrécken
![Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil](/1_Foto/100komma7.lu/184546/image-thumb__184546__base_thumbnail/Andr%C3%A9%20Hirt.d37cbfe3.jpg)
Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil
De Museker a Sänger Änder Hirt ass den Invité.
Martin Engler: "Den Dag ass 24 Stonne laang a ënnerschiddlech breet"
Den däitschen Multi-Kënschtler Martin Engler ass Invité.
Jean-Paul Raths
De Lëtzebuerger Schauspiller a Regisseur deen zanter 1979 als Schauspiller op ville Bünen hei a virun allem am däitschsproocheg Raum ënnerwee ass.
Stephan Quintus: A Schweden en neit Dohemm fonnt
De Stephan Quintus ass mat senger Fra an seng véier Bouwen a Schweden ausgewandert. An iwwert hiert neit Liewen erzielt hien als Invité dem Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"
![Jean Portante | © Jean-Claude Majerus Jean Portante: Schwaarz Gezei a roude Schal | © Jean-Claude Majerus](/1_Foto/100komma7.lu/177373/image-thumb__177373__base_thumbnail/Jean%20Portante.9861d473.jpg)
Jean Portante: Schwaarz Gezei a roude Schal
De Poet a Schrëftsteller an zanter dem Ufank Mataarbechter vum radio 100,7 Jean Portante ass déi Kéier den Invité beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "sot emol"
![Guy Conter: E räicht Musekerliewen](/1_Foto/100komma7.lu/175294/image-thumb__175294__base_thumbnail/Guy%20Conter%20an%20Esther%20Conter.5db670be.jpg)
Guy Conter: E räicht Musekerliewen
De Invité déi Kéier am Sot de emol ass de Museker an Museksprf am Escher Conservatoire de Guy Conter.
Anne Simon: Vu London op Lëtzebuerg
D‘Regisseurin Anne Simon déi scho ganz fréi d‘Iddi vum Theater am Kapp hat ass déi Kéier Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun „Sot emol“
Hannah Noack: Musical ass meng grouss Passioun
D’Enseignante fir moderne Gesang a Vokalpädagogie huet Musical a Musekserzéiung studéiert, ass deemno gutt positionéiert fir iwwer d’Musicalwelt ze schwätzen.
![Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester](/1_Foto/100komma7.lu/137787/image-thumb__137787__base_thumbnail/Eug%C3%A8ne%20Prim.03310dfc.jpg)
Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester
No bal 35 Joer huet den Eugène Prim als Generaldirekter vun der Solistes Européens, Luxembourg opgehalen, hien, deen dësen Orchester matgegrënnt huet.
Marie-Josée Jacobs
De Mënschen ze hëllefen, dat passt bei d’Invitée: Infirmière-Anästhesistin, aktiv an der Gewerkschaft, zwanzeg Joer Ministerin an elo benevollen Engagement bei der Caritas.
Kimberly Darcy Mae
D‘Invitée war Héichleeschtungssportlerin. Karate war an ass nach eng Passioun.
René Closter: "Mir brauchen en Helikopter, ça passe ou ça casse“
De Grënner a President vun der Luxemburg Air Rescue ass den Invité. 1988 ass d’Luxemburg Air Rescue mat engem gelounten Helikopter lassgaangen.
![Isabelle Braun-Dominicy Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"](/1_Foto/100komma7.lu/152915/image-thumb__152915__base_thumbnail/Isabelle%20Braun-Dominicy.67a7652f.jpg)
Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"
Seet d'Invitée, d'Pianosproff an Enseignante fir d'Formation musicale.
Carlo Link: Radio, seng grouss Passioun
E Radiosmënsch, mat deem mir bei d‘Originne vum radio 100,7, dem soziokulturelle Radio, wéi soss gesot gouf, zeréckginn.
![Ben Claus | © Jean-Claude Majerus Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap | © Jean-Claude Majerus](/1_Foto/100komma7.lu/144212/image-thumb__144212__base_thumbnail/Ben%20Claus.0c09a58e.jpg)
Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap
Oder einfach nëmmen "De Claus" ass den Invité. Hie spillt a séngt d’Hitparad vun de Lëtzebuerger Lidder erop an erof.
![Jean Paul Raths: Ouni Theatererfarung op d'Schauspillschoul](/1_Foto/100komma7.lu/142907/image-thumb__142907__base_thumbnail/Jean%20Paul%20Raths.f2c32931.jpg)