Sot emol
Anna Schleimer: "Fuerscherin aus Virwëtz"
44 min
De Weltdag vun den Ozeanen den 8. Juni ass d'Geleeënheet fir drun ze erënneren, datt d'Mierer den Ament un de Suitte vun der Klimakris, der Iwwerfëschung, an der Zerstéierung vun de Liewensraim leiden. D'Erausfuerderunge ginn ëmmer méi grouss, dofir ginn ëmmer néi Léisunge gebraucht an Experten, déi se ëmsetzen.
Eng Expertin op deem Terrain ass déi jonk Lëtzebuerger Fuerscherin Anna Schleimer, déi en Doktorat an der Mieresbiologie huet a Walen erfuerscht. Si huet 2013 mat anere passionéierte Mieresbiologen d'ASBL Odyssea gegrënnt mam Zil iwwer d'Marine Conservatioun ze sensibiliséieren.
Ganz Ökosystemer sinn a Gefor, Déiere verschwannen an Ozeaner gi komplett verknascht. Och wa Lëtzebuerg selwer keng Küsten huet, engagéiert ee sech fir d'Protektioun vun de Mierer. Ozeaner spillen eng grouss Roll och an eisem Alldag. D'Mierer sinn een onwarscheinleche Reservoir vun neie Wierkstoffer, déi zum Beispill an der Entwécklung vun Antibiotiquen a Medikamenter géint Virus-Erkrankunge gebraucht ginn. Souguer den Test, dee geholl gëtt fir de Covid-19 ze detektéieren, benotzt Enzymer, déi fir d'éischt a Bakterien an der Tiefsee entdeckt goufen, 1969.
D'Anna Schleimer huet, wat si nennt, Mieresoptimismus a seet, datt e positive Wandel méiglech ass. Beweis dofir sinn e puer Erfollegsgeschichten aus dem Mieresnaturschutz, zum Beispill de Retour vun de Walen oder d'Renaturéierung vun de Küsten, an der Haaptsaach awer d'Resultat vu Communautéiten, déi zesummen op ee gemeinsaamt Zil hischaffen.