Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Nadine Zeien: "All Dag léieren ech eppes bäi"

Nadine Zeien: "All Dag léieren ech eppes bäi"

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Zanter 2005 ass all Joer um 9 Juni d'Journée internationale des archives, en Dag wou ganz besonnesch d'Roll vun den Archiven an d'Aarbecht vun den Archivisten an Archivistinnen an de Mëttelpunkt gestallt gëtt. Dofir war dem Jean Claude Majerus seng Invitée um internationalen Dag vun den Archiven och eng Archivistin, d'Nadine Zeien aus dem Nationalarchiv. Déi Journée internationale des Archives och enorm wichteg fir dëse Beruff no baussen hi bekannt ze maachen, an och ze entstëbsen. Am Kontext vun der Journée mondiale, déi ënnert der Iwwerschrëft "Nous sommes les archives" steet, organiséiert de VLA, de Veräin vun de Lëtzebuerg Archivisten zu Lëtzebuerg de Mount vun den Archiven mat deem selwechten Zil wéi d'Journée mondiale.


Zanter 20 Joer schafft d'Nadine Zeien, déi studéiert Historikerin ass, ewell schonn an den Archiven, eng Aarbecht déi se bis haut faszinéiert. Dernieft betount d'Nadine Zeien awer och datt si de Privileeg huet praktesch all Dag nach eppes bäi ze léieren.



"Dass dat wat faszinant un deem Beruff ass, ech ginn heem an ech hunn ëmmer d'Gefill wéi wann ech iergendeppes bäigeléiert hunn, wat ech Moies nach net wosst."



Et gouf en Aha-Moment


Vun der Formatioun hir ass d'Nadine Zeien Historikerin mat Schwéierpunkt Mëttelalter. Si huet zu Bréissel a Louvain-la-Neuve studéiert an datt se genee an déi Directioun goung dofir gouf et en Aha-Ament.



"Jo, absolut, deen éischten Aha-Moment wou ech geduecht hunn, a jo dat ass eppes wat dech immens intresséiert, dat war mäi Paläographie-Cour, wou ech dann eben al Schrëften geléiert gi sinn, mä do hu mer op Kopien geschafft, dat war eben net méiglech fir do op Originalen ze schaffen."



Méi dunn méi spéit war et zu Louvain e Cour an der Kodikologie, wéi ee studéiert wéi Handschrëften entstinn, wou d'Nadine Zeien als Student d'Méiglechkeet krut, al Handschrëften an der Bibliothèque royale zu Bréissel kodikologesch ze beschreiwen.



"An dunn hat ech déi Handschrëft aus dem Mëttelalter viru mir leien, op Pergament geschriwwen an dann mat esou enger Ketten drun, well dat ganz wäertvoll Objeten och waren. Deemools sinn déi dann och ugestréckt ginn, dann de Liedersaband, dat riicht natierlech ganz speziell. A wann een dat da wierklech däerf opmaachen a kucken an dréinen a kéieren a beschreiwen. Also du hunn ech wierklech geduecht, dat do ass eppes fir dech. Dat war dee groussen Aha-Moment."



De 9 Juni ass wéi gesot d'Journée international des archives, an do zielt #ArchivesAreYou oder #NousSommesLesArchives





Episoden

Michel Grevis: Ech sinn e virwëtzege Mënsch

Den Auteur, Zeechner, Kënschtler, passionéierte Schoulmeeschter a Responsabele vum Centre des Jeunes vum SNJ zu Huelmes ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun | © Chris Zeien

Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun

Dee fréieren Direkter vum Dikrecher Militärmusée
headphones

56 min

play_arrow
Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn" | © Jo Diseviscourt

Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn"

D'Actrice, Regisseurin an Dozentin am Escher Conservatoire huet zanter iwwer 30 Joer eng fest Plaz an der Lëtzebuerg Theater- a Filmzeen.
headphones

53 min

play_arrow
Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun | © Hardy Grüne

Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun

Den Auteur a Fussballhistoriker Hardy Grüne huet e Buch iwwer de Lëtzebuerger Fussball geschriwwen.
headphones

57 min

play_arrow

Véronique Fauconnet: D'Léift fir den Theater

D‘Directrice artistique vum TOL, dem Théâtre Ouvert Luxembourg, Actrice a Regisseurin Véronique Fauconnet ass d‘Invitée.
headphones

56 min

play_arrow

Fernand Weides: Säi Wee mam radio 100,7

Dee fréieren Direkter vum radio 100,7 Fernand Weides ass den Invité beim Jean Claude Majerus.
headphones

56 min

play_arrow

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow

Steven Pitman: Et soll een ophalen, wann et am Schéinsten ass

Den Elvis-Tribute-Artist Steven Pitmann, oder anescht gesot en Elvis-Imitateur, seet den 2. Mäerz mat engem grousse Concert an der Philharmonie no 25 Joer der Bün Äddi.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Marx: "Nos démocraties sont fragiles"

De Claude Marx huet 91 Joer. Hien ass en Iwwerliewende vun der Shoha a vum Zweete Weltkrich. Et ass him wichteg seng Geschicht, eng Geschicht, déi sécher fir vill Geschichte vu ville Mënsche steet, ze erzielen.
headphones

55 min

play_arrow

Roby Langers: De Fussball a vill schéin Amenter

Dee fréiere Fussballprofi a fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller
headphones

56 min

play_arrow
Dat dierf ni méi geschéien!

Dat dierf ni méi geschéien!

Virun 80 Joer hu russesch Zaldoten d'Konzentratiounslager Auschwitz liberéiert. Am Sot emol proposéiert de Jean Claude Majerus iech Temoignage vu Mënschen déi d'Hell vun Auschwitz iwwerlieft hunn.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Frisoni: E Liewen fir, an a mat der Kultur

De Kulturmënsch fir en esou ze nennen, Claude Frisoni ass déi Kéier dem Jean Claude Majerus säin Invité an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

No iwwer 40 Championstitelen, enge sëllege Victoiren op der Strooss an am Cyclocross, mat net manner wéi 4 Participatiounen op Olympesche Spiller, huet d‘Christine Majerus elo e Schlussstréch gezunn.
headphones

56 min

play_arrow
Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem | © Morgane Weidig

Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem

Deen aktuellen Directeur technique vum COSL, dem Lëtzebuerger Olympesche Comité, war selwer aktive Liichtathleet a seng Passioun huet dem Héichsprong gehéiert.
headphones

56 min

play_arrow

headphones

55 min

play_arrow

headphones

56 min

play_arrow
Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

D'Leeferin Dany Kaber, déi bei den Olympesche Summerspiller 1988 zu Seoul Siwent am Fraemarathon gouf, ass d’Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow
Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

D'Schauspillerin Annette Schlechter ass déi Kéier d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun Sot emol.
headphones

56 min

play_arrow
Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

D'Anabela an de Jorge Valente si schonn 10 Joer mat hirem Motorrad ënnerwee ronderëm d'Welt, ewell schonn iwwer 130.000 Kilometer.
headphones

56 min

play_arrow