Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ John Rech: "Happy in my Treehouse"

John Rech: "Happy in my Treehouse"

headphones

49 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

De John Rech kuckt op eng laang musikalesch Karriär zeréck. Als Sänger a Gittarist vun der Pop-Rock-Grupp T42, déi hiren éischten Album 1992 erausbruecht hunn, ass Villes lassgaangen. Nodeems d'Grupp néng aner, dorënner dräi Live-Albumen an zwou Kompilatiounen erausbruecht huet, huet T42 sech 2005 opgeléist.


Parallel dozou huet de John Rech vun engem weidere Projet gedreemt, a 1997 ass säi Solo Projet "Dream Catcher" Realitéit ginn. Mat senge Kolleege Christof Brill, Wolfgang Wehner, Eric Falchero, Claude Zeimes a Steve Krippler huet "Dream Catcher" Folk Pop mat kelteschem Sound, dee gutt Laun verstreet, gespillt. No villen Optrëtter, e puer Singelen an EPe koum 2006 den Debutalbum eraus. Iwwer deene fënnef Albumen huet d'Band hire Stil fonnt, andeems se Elementer vu Folkmusek a Rock vermëschen. Donieft huet de John Rech mat senger Firma "Kitty Music" Concerten organiséiert.


Eigentlech wollt hie Fierschter ginn, huet bei der LSAP geschafft, mee d'Musek huet a sengem Liewen d'Iwwerhand kritt. Ob op der Bün oder hanner de Kulissen, de Joh Rech versteet de Business a weess, datt et net ouni Disziplin méiglech ass ze performéieren.


Zu Diddeleng gebuer, an do ass hien och bliwwen, wou hie scho fréi seng Empreinte gelooss huet, andeems hien d'Festivalslandschaft matgeformt huet. 1994 gouf déi éischt Fête de la Musique ënner dem John Rech sengem Impuls organiséiert. D'Editioun 2022 ass den 18. an 19. Juni. Donieft sinn "Usin" an den "Zeltik", deen dëst Joer 25 Joer feiert.


Iwwer seng Renconter mam Andy Genen ass eng grouss Frëndschaft entstanen an esou hunn de Museker an den Illustrateur decidéiert zesummenzeschaffen a "Sonic Comics" erausbruecht - Musek vun "Dream Catcher", mat um Album enger BD, déi eng Geschicht erzielt, vum Andy Genen illustréiert. 2015 hunn déi zwee de Buchpräis kritt fir den drëtten Album vun der Serie "Dream Catcher".


2020 koum am Kader vum 25. Anniversaire vun der Aschreiwung vun den ale Quartieren a Festunge vun der Stad Lëtzebuerg op d'UNESCO-Lëscht vum Weltkulturierwen, e Comic eraus, "Fortific(a)tions", vun de Comic Befestegunge publizéiert, an deem am Ganze sechs Comic-Kënschtler an dräi Zenario-Auteuren involvéiert waren.


Um Album si fënnef Episoden iwwer d'Festungsstad, déi an enger Kadergeschicht agebonnen, inspiréiert vum Joseph Funck sengem Roman "Kleines Schiksal". Den John Rech an d'Sabrina Kaufmann huelen d'Konscht-Kollektioun vum Groussherzogleche Palais als Ausgangspunkt fir d'Geschicht vun der Festungsstad ze erzielen.

Episoden

Michel Grevis: Ech sinn e virwëtzege Mënsch

Den Auteur, Zeechner, Kënschtler, passionéierte Schoulmeeschter a Responsabele vum Centre des Jeunes vum SNJ zu Huelmes ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun | © Chris Zeien

Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun

Dee fréieren Direkter vum Dikrecher Militärmusée
headphones

56 min

play_arrow
Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn" | © Jo Diseviscourt

Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn"

D'Actrice, Regisseurin an Dozentin am Escher Conservatoire huet zanter iwwer 30 Joer eng fest Plaz an der Lëtzebuerg Theater- a Filmzeen.
headphones

53 min

play_arrow
Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun | © Hardy Grüne

Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun

Den Auteur a Fussballhistoriker Hardy Grüne huet e Buch iwwer de Lëtzebuerger Fussball geschriwwen.
headphones

57 min

play_arrow

Véronique Fauconnet: D'Léift fir den Theater

D‘Directrice artistique vum TOL, dem Théâtre Ouvert Luxembourg, Actrice a Regisseurin Véronique Fauconnet ass d‘Invitée.
headphones

56 min

play_arrow

Fernand Weides: Säi Wee mam radio 100,7

Dee fréieren Direkter vum radio 100,7 Fernand Weides ass den Invité beim Jean Claude Majerus.
headphones

56 min

play_arrow

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow

Steven Pitman: Et soll een ophalen, wann et am Schéinsten ass

Den Elvis-Tribute-Artist Steven Pitmann, oder anescht gesot en Elvis-Imitateur, seet den 2. Mäerz mat engem grousse Concert an der Philharmonie no 25 Joer der Bün Äddi.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Marx: "Nos démocraties sont fragiles"

De Claude Marx huet 91 Joer. Hien ass en Iwwerliewende vun der Shoha a vum Zweete Weltkrich. Et ass him wichteg seng Geschicht, eng Geschicht, déi sécher fir vill Geschichte vu ville Mënsche steet, ze erzielen.
headphones

55 min

play_arrow

Roby Langers: De Fussball a vill schéin Amenter

Dee fréiere Fussballprofi a fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller
headphones

56 min

play_arrow
Dat dierf ni méi geschéien!

Dat dierf ni méi geschéien!

Virun 80 Joer hu russesch Zaldoten d'Konzentratiounslager Auschwitz liberéiert. Am Sot emol proposéiert de Jean Claude Majerus iech Temoignage vu Mënschen déi d'Hell vun Auschwitz iwwerlieft hunn.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Frisoni: E Liewen fir, an a mat der Kultur

De Kulturmënsch fir en esou ze nennen, Claude Frisoni ass déi Kéier dem Jean Claude Majerus säin Invité an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

No iwwer 40 Championstitelen, enge sëllege Victoiren op der Strooss an am Cyclocross, mat net manner wéi 4 Participatiounen op Olympesche Spiller, huet d‘Christine Majerus elo e Schlussstréch gezunn.
headphones

56 min

play_arrow
Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem | © Morgane Weidig

Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem

Deen aktuellen Directeur technique vum COSL, dem Lëtzebuerger Olympesche Comité, war selwer aktive Liichtathleet a seng Passioun huet dem Héichsprong gehéiert.
headphones

56 min

play_arrow

headphones

55 min

play_arrow

headphones

56 min

play_arrow
Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

D'Leeferin Dany Kaber, déi bei den Olympesche Summerspiller 1988 zu Seoul Siwent am Fraemarathon gouf, ass d’Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow
Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

D'Schauspillerin Annette Schlechter ass déi Kéier d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun Sot emol.
headphones

56 min

play_arrow
Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

D'Anabela an de Jorge Valente si schonn 10 Joer mat hirem Motorrad ënnerwee ronderëm d'Welt, ewell schonn iwwer 130.000 Kilometer.
headphones

56 min

play_arrow