Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Steve Boehm: "Mat der Käerjenger Museksschoul an der Philharmonie"

Steve Boehm: "Mat der Käerjenger Museksschoul an der Philharmonie"

headphones

57 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Den Invité stoung a ville grousse Concertshaiser op dëser Welt schonn emol op der Bün, fir do seng Passioun ze liewen, nämlech d'Musek. De Steve Boehm ass Cornist, mee dernieft dirigéiert hien an arrangéiert Musek op eng ganz speziell Manéier. Dat weist säin Ennio Morricone Projet "Once Upon a Time". E Projet vun der Käerjenger Museksschoul, deen am Mäerz 2023 an der Philharmonie opgeféiert gëtt. De Steve Boehm ass awer och Enseignant an de Museksschoulen zu Käerjeng an zu Diddeleng, fir säi Wëssen a Kënnen un déi Jonk weiderzeginn.


Eng besonnesch Passioun huet de Steve Boehm fir Filmmusek, an do besonnesch den John Willams, de Komponist vun ënner anerem der Musek fir "Star Wars"- oder den "Indiana Jones"-Filmer. De Museker huet de John Williams esou guer selwer zu Chicago erlieft, dofir läit et och op der Hand ze froen, firwat de Steve Boehm dann elo a sengem Projet d'Musek vum Ennio Morricone geholl huet an net déi vum John Williams.



"Dat ass eng gutt Fro. Ech zerbrieche mir oft de Kapp, wat setzen ech op e Programm fir e Concert grad an der Blosmusek. Et ass oft, wann iergend e Stéck nei komponéiert gëtt, da spillt dat all Musek. (...) Dat ass och flott, mee heiansdo ass et och schéin eppes anescht ze maachen, zemools Ennio-Morricone-Stécker ginn et der scho ganz vill am Blosmuseksberäich."



Um Ufank stoung ee Western-Owend


An iergendwann huet de Steve Boehm e "Western-Owend" gemaach an huet fir dee Stécker vum Morricone arrangéiert an hie krut d'Gefill, datt hien e roude Fuedem kéint duerch déi verschidde Stécker zéien an eng Geschicht domat erzielen. Hien huet sech ëmmer méi mam Morricone senger Musek befaasst an och ugefaangen eng Analys ze maachen.



"Wann ee Morricone seet, dann hu verschidde Leit esou fënnef Lidder am Kapp. A menger Story, déi ech arrangéiert hunn, mussen déi bekannt Stécker dra sinn, mee ech hunn enorm vill Recherche gemaach a virun allem muss ee wëssen, wann ech dann arrangéieren, dann ass dat en Diktat, wou ech da Saachen erausschreiwen. Ech loossen dat Honnert Mol lafe bis ech all Instrumenter eraushéieren hunn, an da schreiwen ech dat, wéi ech et héieren, fir e Sinfonie-Orchester an dono adaptéieren ech dat da fir Blosorchester."



An d'Resultat mat eben aktuellen an fréiere Leit aus der Käerjenger Museksschoul kann een den 11. Mäerz 2023 an der Philharmonie héieren, méi Detailer hei.


De Jean Claude Majerus féiert duerch d'Gespréich.

Episoden

Michel Grevis: Ech sinn e virwëtzege Mënsch

Den Auteur, Zeechner, Kënschtler, passionéierte Schoulmeeschter a Responsabele vum Centre des Jeunes vum SNJ zu Huelmes ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun | © Chris Zeien

Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun

Dee fréieren Direkter vum Dikrecher Militärmusée
headphones

56 min

play_arrow
Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn" | © Jo Diseviscourt

Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn"

D'Actrice, Regisseurin an Dozentin am Escher Conservatoire huet zanter iwwer 30 Joer eng fest Plaz an der Lëtzebuerg Theater- a Filmzeen.
headphones

53 min

play_arrow
Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun | © Hardy Grüne

Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun

Den Auteur a Fussballhistoriker Hardy Grüne huet e Buch iwwer de Lëtzebuerger Fussball geschriwwen.
headphones

57 min

play_arrow

Véronique Fauconnet: D'Léift fir den Theater

D‘Directrice artistique vum TOL, dem Théâtre Ouvert Luxembourg, Actrice a Regisseurin Véronique Fauconnet ass d‘Invitée.
headphones

56 min

play_arrow

Fernand Weides: Säi Wee mam radio 100,7

Dee fréieren Direkter vum radio 100,7 Fernand Weides ass den Invité beim Jean Claude Majerus.
headphones

56 min

play_arrow

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow

Steven Pitman: Et soll een ophalen, wann et am Schéinsten ass

Den Elvis-Tribute-Artist Steven Pitmann, oder anescht gesot en Elvis-Imitateur, seet den 2. Mäerz mat engem grousse Concert an der Philharmonie no 25 Joer der Bün Äddi.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Marx: "Nos démocraties sont fragiles"

De Claude Marx huet 91 Joer. Hien ass en Iwwerliewende vun der Shoha a vum Zweete Weltkrich. Et ass him wichteg seng Geschicht, eng Geschicht, déi sécher fir vill Geschichte vu ville Mënsche steet, ze erzielen.
headphones

55 min

play_arrow

Roby Langers: De Fussball a vill schéin Amenter

Dee fréiere Fussballprofi a fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller
headphones

56 min

play_arrow
Dat dierf ni méi geschéien!

Dat dierf ni méi geschéien!

Virun 80 Joer hu russesch Zaldoten d'Konzentratiounslager Auschwitz liberéiert. Am Sot emol proposéiert de Jean Claude Majerus iech Temoignage vu Mënschen déi d'Hell vun Auschwitz iwwerlieft hunn.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Frisoni: E Liewen fir, an a mat der Kultur

De Kulturmënsch fir en esou ze nennen, Claude Frisoni ass déi Kéier dem Jean Claude Majerus säin Invité an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

No iwwer 40 Championstitelen, enge sëllege Victoiren op der Strooss an am Cyclocross, mat net manner wéi 4 Participatiounen op Olympesche Spiller, huet d‘Christine Majerus elo e Schlussstréch gezunn.
headphones

56 min

play_arrow
Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem | © Morgane Weidig

Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem

Deen aktuellen Directeur technique vum COSL, dem Lëtzebuerger Olympesche Comité, war selwer aktive Liichtathleet a seng Passioun huet dem Héichsprong gehéiert.
headphones

56 min

play_arrow

headphones

55 min

play_arrow

headphones

56 min

play_arrow
Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

D'Leeferin Dany Kaber, déi bei den Olympesche Summerspiller 1988 zu Seoul Siwent am Fraemarathon gouf, ass d’Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow
Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

D'Schauspillerin Annette Schlechter ass déi Kéier d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun Sot emol.
headphones

56 min

play_arrow
Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

D'Anabela an de Jorge Valente si schonn 10 Joer mat hirem Motorrad ënnerwee ronderëm d'Welt, ewell schonn iwwer 130.000 Kilometer.
headphones

56 min

play_arrow