arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
CD: D'sëlwer Scheif huet hir bescht Zäit hanner sech
D'CD gëtt et scho 40 Joer a se huet eng gelleg Success Story erlieft. Et ginn e puer Méiglechkeete fir den Anniversaire vun der CD ze feieren.
George Tabori: Eng Theaterlegend
Als wuel déngschteelsten Theaterregisseur vun der Welt ass hie viru 15 Joer am Alter vun 93 Joer gestuerwen.
V. S. Naipaul: De Literaturnobelpräis-Laureat vun 2001
Den V.S. Naipaul, dee vu villen ofwäertend als "Reesschrëftsteller" tituléiert gouf a gëtt, krut awer 2001 de Literaturnobelpräis. Hien hätt haut 90 Joer kritt.
Elvis Presley: De King of Rock'n'Roll
No engem Liewen, dat op där enger Säit eng Success Story, op där anerer awer och eng eenzeg Tragedie war, ass den Elivs Presley de 16. August 1977, viru 45 Joer, gestuerwen.
John Cage: Eng Schlësselfigur an der Performance-Konscht
Den Auteur, Museker, Komponist a Performance Kënschtler ass virun 30 Joer gestuerwen.
Enid Blyton: Eng extreem produktiv Schrëftstellerin
Déi déi literaresch Mamm vun ë. a. "Hanni & Nanni", "Fünf Freunde" ass nieft der Astrid Lindgren déi bekanntste a populäerste Kannerbuchschrëftstellerin vun der Welt.
Ian Anderson: De Flüttist an der Rockmusek
De Schott gehéiert zu innovatiivste Figuren an der Rockmusek, hien huet d'Querflütt an der Rockmusek ageféiert. De Sänger, Komponist, Texter, Flüttist a Gittarist kritt haut 75 Joer.
Wilhelm Bush: Hien huet säi eegene Succès ni konnte genéissen
Mat sengem bëssegen a spatzen Humor gehéiert de Papp vum "Max a Moritz" sécher och haut nach zu de bekanntsten däitschen Zeechner an Dichter.
Dustin Hoffmann: De Charakterschauspiller mam scheie Laachen
Den duebelen Oscar-Laureat a groussen Charakterschauspiller kritt 85 Joer.
"Guernica": E Symbol géint de Krich
De Picasso huet d'Wierk 1937, viru 85 Joer, realiséiert, als Reaktioun op d'Loftattack op déi baskesch Klengstad Guernica.
D'Evelyn Hamann huet Televisiounsgeschicht geschriwwen
Déi däitsch Actrice a Komikerin gouf virun allem als genial Partnerin vum Meeschterkomiker Loriot bekannt. Si hätt 80 Joer kritt.
Voyager-Missioun: Zanter 45 Joer am Weltraum ënnerwee
Am August 1977 huet d'NASA d'Voyager Eent an de Weltraum geschoss, e puer Wochen drop d'Voyager Zwee. Am Fong sollt d'Missioun vun den Sondë just véier Joer daueren.
Den Peter O'Toole bleift als Lawrence of Arabia an Erënnerung
Deen englesche Filmproduzent, Theater- a Filmschauspiller mat ireschen Originnen huet ouni Zweiwel zu de ganz Grousse vum britteschen Theater a Kino gehéiert.
Den Alexander Graham Bell huet eis den Telefon ginn
Virun 100 Joer ass de Papp vun der moderner Telefonie gestuerwen.
Michel Serrault: E Meeschter vum Boulevard-Theater"
Den Acteur, deen duerch seng Roll vum Zaza aus "La cage aux folles" am Theater an am Film bekannt gouf, ass viru 15 Joer am Alter vun 79 Joer gestuerwen.
Siwwen nei Weltwonner goufe viru 15 Joer annoncéiert
De 7.7. 2007 goufen zu Lissabon déi 7 nei Weltwonner proklaméiert. De Schwäizer Aventurier, Cineast a Millionär Bernard Weber hat eng weltwäit Internet-Ëmfro lancéiert.
Bourvil: En einfachen a léiwe Mënsch
De Bourvil war e beléifte franséischen Acteur a Chansonnier. Hie koum virun 105 Joer op d'Welt, ass awer schonn den 23. September 1970 gestuerwen.
Josy Barthel: 1952 Helsinki-Goldmedail fir Lëtzebuerg
De Josy Barthel huet de 26. Juli 1952, virun genee 70 Joer, op den Olympesche Spiller vun Helsinki sensationell d'Goldmedail iwwer 1500 Meter gewonnen.