Retromania
Wilhelm Bush: Hien huet säi eegene Succès ni konnte genéissen
5 min
Mat sengem bëssegen a spatzen Humor gehéiert de Wilhelm Bush sécher och haut nach zu de bekanntsten däitschen Zeechner an Dichter. Mat senge Spiichte vum "Max a Moritz" si Generatioune vu Kanner, vläicht och Dir, grouss ginn, an de Wilhelm Busch gëtt ëmmer nees gären a Rieden zu egal wéi engen Occasiounen zitéiert.
Manner bekannt ass de Wilhelm Busch awer als e Kënschtler, deen deemools senger Zäit scho wäit viraus war, hien ass souzesoen den Urgrousspapp vun de modernen amerikanesche Comicken a seng Biller haten zu senger Zäit schonn éischt Elementer vun der Abstraktioun.
Virun 190 Joer koum de Papp vum "Max a Moritz" op d'Welt an et ass ëmmer nees flott un de Comic-Avantgardist ze erënneren, wat de Jean Claude Majerus hei mécht.