De Philippe Leotard hat genee dat wat Franzousen eng « Gueule » genannt hunn. E Gesiicht wou een dra konnt liese wéi säi Liewe war, ee Gesiicht mat Aen déi no ënnen houngen, ee strengt Gesiicht an awer wa säi Mond sech zou engem Laache verzunn huet, da koum ee sympathesche Mënsch duerch. De Philippe Leotard war de Mënsch vun den Extremer, en Intellektuelle mat der Séil vun engem Stroossendichter. Wann een de Philippe Leotard als Schauspiller gesinn huet oder seng Stëmm gelauschtert huet, da wosst een direkt: Deen dote spillt keng Roll, dee dote verbrennt en direct.
Den 28 August 1940 gouf den Phillipe Leotard, de Brudder vum fréiere franséischen Verdeedegungsminister Francois Leotard zou Nice gebueren an ass den 25 August 2001 mat 61 Joer gestuerwen, viru 25 Joer also.
De Jean Claude Majerus erënnert an dësem Retromania un eng vun de faszinantste an am meeschten ënnerschate Stëmm am Frankräich.
Den franséischen Acteur, Sänger an Poet Philippe Leotard hat e Liewe wéi e Blat Pabeier dat un den zwee Enner gebrannt huet. Mä wat vum Philippe Leotard bliwwen ass, si seng Filmer, seng Poesie an seng Musek, Wierker voll mat Wonnen, Schéinheet an absolutter Éierlechkeet.