Et war den 30. Juli 1971 an enger Wunneng am Paräisser Kënschtlerquartier Le Marais, wéi d’Musek an d’Konscht ee vun hire charismateschste Vertrieder verluer huet. An der Wunneng louch e Mann an der Buedbidden, 27 Joer jonk, mee kierperlech um Enn, ausgebrannt, hie war dout, säin Numm: Jim Morrison.
Gëschter waren et ewell 55 Joer hier, datt de charismatesche Kapp an d‘Stëmm vun der amerikanescher Band The Doors gestuerwen ass, en Jim Morrison, deen an där kuerzer Zäit, wéi hie gelieft a geschafft huet, d‘Rockmusek wéi kaum en anere markéiert huet. De Jim Morrison war keen normale Rockstar, hie war e radikale Poet, e Rebell a fir ganz vill e moderne Schaman op der Bün.
55 Joer sinn et hier, datt de Jim Morrison gestuerwen ass, an awer iwwer en halleft Joerhonnert duerno pilgeren all Dag Honnerte vu Leit op säi Graf um Paräisser Cimetière Père Lachaise.