Deem ireschen Auteur an Dramatiker George Bernard Shaw seng Pointen hunn den englesche Kinnek Edward de 7. extreem ameséiert, an dat an engem Mooss, datt de Kinnek esouguer eng Kéier mat sengem Stull vu lauter Laachen ëmgefall ass.
De George Bernard Shaw ass domat wuel deen eenzegen Auteur aus der Weltliteratur, deen e Monarch am richtege Sënn vum Wuert, gekippt huet.
An doriwwer eraus ass de Shaw och deen eenzegen Auteur, deen de Literaturnobelpräis an en Oscar zu Hollywood krut.
De Vegetarier a Sozialist George Bernard Shaw gouf de 26. Juli 1856, virun 170 Joer, gebuer an hien huet als Auteur der Gesellschaft zu senger Zäit all hire Ligen dohigehäit. Fir et méi trivial ze soen, de Shaw war mat dee gréisste Spottvull vu senger Zäit.
De Jean Claude Majerus iwwer den Auteur vu “Pygmalion”, e Wierk, dat d’Virlag fir de weltbekannte Musical “My Fair Lady” war.