De Louis Armstrong war ee vun den éischte richtege Genië vum Jazz, e weltwäite Megastar an e Mënsch, deem säi Laachen ugestach huet. De leschte Méindeg waren et genee 55 Joer hier, de 6. Juli 1971, datt de Satchmo, wéi de Louis Armstrong genannt gouf, gestuerwen ass. De Louis huet den Jazz, esou wéi mir en haut kennen, wéi keen anere markéiert. Improvisatioun, Virtuositéit a spektakulär Optrëtter gehéieren zu sengem perséinleche Museksstil an hien huet den Scat-Gesang quasi niewebäi erfonnt. Dem Louis Armstrong seng Trompett hat dernieft och nach eng aner grouss Kraaft, nämlech déi fir rassistesch Maueren ofzerappen. Am Laf vu senger Karriär goufe verschidde Stécker wei “Hello Dolly“ vu Kritiker als ze vill poppeg ofgestempelt. Dat huet allerdéngs der Mark Louis Armstrong net geschuet. De Jean Claude Majerus iwwer den amerikaneschen Trompettist, Solist a Virreider vum klasseschen Jazz.
arrow_back_ios
Retromania
Louis Armstrong: De mënschleschen Jazzmuseker
Lauschteren
play_arrow
headphones
9 min
mic_none
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus