Wa mir vu franséische Komiker schwätzen, da kommen engem eng ganz Partie Acteuren an de Kapp, déi den Don hate Grimassen ze schneiden, an domat d’Leit un d’Laachen ze bréngen.
Ee vun de ganz Groussen an deem Domaine war de Fernandel, dee ganz vill Wäermt an Häerzlechkeet op den Ecran bruecht huet.
De Fernandel, mat sengem eenzegaarteg breede Laachen, war mat Leif a Séil Acteur a Komiker, a besonnesch an der Roll vum legendären Don Camillo gouf hien och iwwer d’Grenze vu sengem Heemechtsland Frankräich eraus bekannt a konnt Generatioune begeeschteren. An engem Mooss, datt och haut nach ëmmer Don-Camillo-Filmer op der Televisioun rediffuséiert ginn.
De Fernandel war kee klassesche Jeune Premier an dofir haten d’Leit hien och esou gären, de Fernandel war ee vun hinnen.
Den Acteur ass viru 55 Joer, de 26. Februar 1971, am Alter vun 68 Joer, gestuerwen. “D’Laachen ass déi eleganste Manéier, dem Liewen eng Äntwert ze ginn.”, esou en Zitat vum Fernandel, dat ee sech roueg méi dacks kéint zu Häerz huelen.