Theaterstécker wéi “Mutter Courage und ihre Kinder”, “Herr Puntila und sein Knecht Matti”, “Der gute Mensch von Sezuan” oder och nach “Der aufhaltsame Aufstieg des Arturo Ui” hunn aus dem däitsche Schrëftsteller Bertolt Brecht ee vun de bedeitendsten Dramatiker vum 20. Joerhonnert gemaach a seng Stécker hunn och haut nach eng fest Plaz an der internationaler Theaterliteratur.
Nieft senger schrëftstellerescher Theateraarbecht huet de Bertolt Brecht dem Theater awer och Praktesches bruecht, hien ass de Grënner vum sougenannten epeschen, respektiv dialekteschen Theater. Fir de Brecht war en analyteschen Theater ëmmer wichteg, fir de Public zu engem distanzéierten Nodenken an Hannerfroen ze motivéieren, am Géigesaz zu enger emotioneller Approche.
De 14. August 1956, viru 70 Joer, ass de Bert Brecht am Alter vun 58 Joer un de Suitte vun engem Häerzinfarkt gestuerwen an hien hannerléisst der literarescher an theatralescher Welt, eng bedeitend Berliner Bün säin Berliner Ensembel um Schiffbauerdamm, 48 Theaterstécker a wäit iwwer 2000 Gedichter.
A seng Stécker gehéiere bis haut zu den am meeschte gespillten Theaterstécker op der ganzer Welt. De Jean Claude Majerus erënnert haut am Retromania un dee Mann mat der platter Kap a der Zigare, deem seng Texter och nach haut méi wéi aktuell sinn.