De Klarinettist Giora Feidman ass ouni Zweiwel de bedeitendsten Instrumentalsolist vun der Klezmer-Musek, der traditioneller jüddescher Musek a säi Beméie fir Klezmer-Musek huet him och ënnert aneren de Spëtznumm «d’ Klarinett déi sëngt » abruecht.
De Klezmer-Kinnek Giora Feidman mëscht mat senger gliesener Klarinett net nëmme Musek, de Giora Feidman schwätzt duerch säin Instrument, e kann domat laachen an e kann domat kräischen
De lësche Mëttwoch, 25 Mäerz huet de Giora Feidman 90 Joer kritt, an wéi mengt der, wou de grousse Klezmer-Museker, deen ewell scho laang kéint an der Pensioun sinn, säi Gebuertsdag gefeiert huet? Natierlech op der Bün, an zwar zu Berlin.
Aktuell ass de jüdesche Museker op grousser Däitschland an Eisteräich Tournée mat sengem aktuelle Programm “For a Better World” a säin nächste Concert ass scho moar den Owend an der Helmut List Halle zu Graz an Eisteräich.
A fir de Rescht vum Joer huet de Goria Feidman nach eng 45 Concerten an der Agenda stoen.
De Jean Claude Majerus stellt iech de King of Klezmer Music Giora Feidman am Retromania vun haut fir.