Retromania
Voyager-Missioun: Zanter 45 Joer am Weltraum ënnerwee
5 min
D'Voyager-Zwillingen sinn ouni zweiwel déi vum Mënsch erschafen Objeten, déi am wäitste vun der Äerd ewech sinn. Viru 45 Joer am August 1977 huet d'NASA d'Voyager Eent an de Weltraum geschoss, e puer Wochen drop d'Voyager Zwee. Am Fong sollt d'Missioun vun den Sondë just véier Joer daueren, mee d'Zwillings-Weltraumgefierer sinn ewell scho 45 Joer ënnerwee a senden nach ëmmer Donnéeën op d'Äerd. Ewell sinn d'Sonden aus der Heliospär vun der Sonn eraus, a si sinn a Regiounen, wou bis ewell nach ni eng Sonde war. Detailer Jean Claude Majerus