Retromania
D'Hymn vum Summer of Love
7 min
"If you're going to San Francisco be sure to wear some flowers in your hair" sinn déi éischt zwou Zeilen aus dem Scott McKenzie sengem Lidd "San Francisco". E Lidd, dat hien 1967, viru 55 Joer, um Monterey International Pop Festival eng éischte Kéier gesongen huet, an dat zu enger gelleger Hymn vum Hippie-Mouvement gouf. Mee dat op där anerer Säit awer net esou zur Hippie-Philosophie gepasst huet. "San Francisco" war e Bestseller, dee Millioune Mol verkaf gouf. Et war schonn erstaunlech, wéi de Scott Mckenzie sech mat deenen duusse Kläng an der dréchener Gittar um Festival géint d'Optrëtter vu The Who, Jefferson Airplane, Big Brother and the Holding Company mat der Janis Joplin oder dem Jimi Hendrix konnt duerchsetzen.
"San Francisco" war eent vun de groussen, wann net esouguer d'Haaptlidd vum Summer of Love vun 1967. Den John Phillips vu The Mamas and the Papas huet dëst Lidd an net emol enger hallwer Stonn geschriwwen, e Song, an deem den Hippie-Mouvement verherrlecht gouf, just datt dat meescht, wat an dësem Song ernimmt gouf, sech um Enn net realiséiert huet, an u sech war den Hippie-Mouvement éischter eng Enttäuschung fir all déi, déi dru gegleeft hunn.