Retromania
Enid Blyton: Eng extreem produktiv Schrëftstellerin
5 min
Déi englesch Schrëftstellerin Enid Blyton ass wuel nieft der Astrid Lindgren déi bekanntste a populäerste Kannerbuchschrëftstellerin vun der Welt. D'Enid Blyton huet Generatioune vun Kanner mat hire Bicher an hire Geschichte begeeschtert. Iwwer 700 Bicher, 10.000 Kuerzgeschichten, Lidder, Gedichter an Theaterstécker koumen aus hirer Fieder, an hiert Wierk gouf an iwwer 100 Sproochen weltwäit iwwersat. Et gëtt estiméiert, datt bis ewell iwwer eng hallef Milliard Bicher vun der Enid Blyton verkaf goufen, an och mat enger Oplo vun weltwäit aacht Millioune Bicher pro Joer, ass si nach ëmmer grad esou beléift wéi fréier. D'Enid Blyton, déi literaresch Mamm vu Bicher-Serië wéi Hanni a Nanni, vun de "Fünf Freunde" oder vun der "Schwarzen Sieben" koum haut op den Dag virun 125 Joer zu Dullwich bei London op d'Welt. E Portrait mam Jean Claude Majerus