Retromania
Siwwen nei Weltwonner goufe viru 15 Joer annoncéiert
5 min
Mer kenne jo déi siwe Weltwonner vun der Antik, et gëtt jo ëmmer nees mol vun de Weltwonner geschwat. Mee viru 15 Joer gouf et awer eng Initiativ, vun där haut wuel net méi dacks rieds geet, un déi een awer op dëser Plaz kann erënneren.
De 7.7. 2007 goufen nämlech an der portugisescher Haaptstad Lissabon déi 7 nei Weltwonner proklaméiert. De Schwäizer Aventurier, Cineast a virun allem Millionär Bernard Weber hat deemools eng weltwäit Internet-Ëmfro lancéiert, fir erauszefannen, wat Mënschen hautdesdaags als Weltwonner géife gesinn, op der Internet-Säit vun senger Privatfondatioun "New 7 Wonders" koumen um Enn ronn 100 Millioune Stëmmen eran, an d'Resultat gouf dunn den 7.7.2007 an enger 12 Milliounen Euro deierer Gala-Show zu Lissabon presentéiert.
Hei Lëscht vun den neie Weltwonner, wéi se am Joer 2007 annoncéiert goufen:
Chineesesch Mauer
Maya-Pyramid Chichén Itzà op der Hallefinsel Yucatan
Ruinestad Machu Picchu am Peru
Cristo Rendentor zu Rio de Janeiro
Fielsestad Petra a Jordaninen
Kolosseum zu Roum
Taj Mahal zu Agra