Wann ech Iech froen, wien ass dann de berüümtsten Indianer? Do wäerten der wuel vill wéi aus der Kanoun geschoss: Winnetou soen!
Dat ass wuel richteg, well de Winnetou kennt jo bal jiddereen.
Mee hei geet et eis awer ëm dee berüümtste “richtegen” Indianer, dee vun 1831 u bis Dezember 1890 gelieft huet. An do ass d’Äntwert dann: Sitting Bull!
Den Numm Sitting Bull, deen Dir sécher schonn héieren hutt, fënnt ee grad esou gutt a Geschichts- wéi a Jugendbicher erëm.
Am Dezember elo virun 135 Joer, ville Sourcen no heescht et de 15. Dezember 1890, ass de Sitting Bull ënner net ganz kloren Ëmstänn gestuerwen. Mat him ass e groussen Indianer verschwonnen a e Mythos gebuer.
De Sitting Bull war e Visionär an de grousse Leader vun den Hunkpapa-Lakota-Sioux. Säi Liewe stoung ganz am Zeeche vun der Resistenz vun den Indianer géint d‘Aflëss vu baussen an hien hat eng spirituell Relatioun zur Natur an Traditioun.