Retromania
Den Peter O'Toole bleift als Lawrence of Arabia an Erënnerung
7 min
De Peter O'Toole war en englesche Filmproduzent, Theater- a Filmschauspiller mat ireschen Originnen, an hien huet ouni Zweiwel zu de ganz Grousse vum britteschen Theater a Kino gehéiert. Fir de Spectateur zielt beim Peter O'Toole awer meeschtens just eng Roll, an zwar déi vum "Lawrence of Arabia". Hien huet an dësem Film, nodeems de Marlon Brando iwweregens ofgesot hat, de charismatesche Colonel a Schrëftsteller Thomas Edvard Lawrence gespillt, eng Prestatioun, mat där hien international bekannt gouf, a fir déi hien och seng éischt vun am Ganzen aacht Oscar-Nominatioune krut.
De Peter O'Toole koum den zweeten August 1932, also virun nonzeg Joer op d'Welt. Hien ass awer no laanger Krankheet de 14. Dezember 2013 am Alter vun 81 Joer gestuerwen. E Portrait vum Acteur mam Jean Claude Majerus