Retromania
V. S. Naipaul: De Literaturnobelpräis-Laureat vun 2001
5 min
Wann et dat grousst brittescht Räich net gi wier, da hätt et och de Schrëftsteller V.S. Naipaul net ginn. Dem Naipaul seng Originne leien an Indien, mee seng Famill ass fir Kolonialmuecht op Karibikinsel Trinidad schaffe gaangen, wou den Naipaul gebuer an och grouss gouf. Duerno goung hien an England, wou hie sech zu deem Schrëftsteller, deen hien haut aus, entwéckelt huet.
De V.S. Naipaul gëtt a gouf vu villen ofwäertend als "Reesschrëftsteller" tituléiert, gouf awer 2001 mam bedeitendste Präis an der literarescher Welt belount, an zwar mam Literaturnobelpräis. Haut wier de V. S. Naipaul 90 Joer al ginn, hien ass den 11. August 2018 kuerz viru sengem 86. Anniversaire gestuerwen. De Jean Claude Majerus huet sech mam Literaturnobelpräis-Laureat beschäftegt.