Retromania
D'Evelyn Hamann huet Televisiounsgeschicht geschriwwen
6 min
Déi däitsch Actrice a Komikerin ass ewell scho 15 Joer dout, si ass 2007 am Alter vu 65 Joer gestuerwen. Si hätt elo 80 Joer kritt. D'Actrice gouf engem groussen Publikum virun allem als Partnerin vum Loriot an enger Abberzuel Sketcher bekannt, a si huet un der Säit vum Meeschterkomiker Loriot mat hirer steiwer Mimik an als gebueren Hanseatin mat hirem dréchene Witz Televisiounsgeschicht geschriwwen. An den 1980er Jore konnt d'Evelyn Hamann als Kächen Carsta Michaelis an der Schwarzwaldklinik hir Popularitéit nach erweideren, dat selwecht zielt fir d'Roll als "Thea" an der Televisounsserie "Der Landarzt". Zanter 1992 war d'Evelyn Hamann, an dat bis zu Lescht, op der ARD an der Titelroll vun der Krimiserie "Adelheid und ihre Mörder" ze gesinn.
E Portrait vun der Loriot-Partnerin mam Jean Claude Majerus