Retromania
John Cage: Eng Schlësselfigur an der Performance-Konscht
6 min
Virun 30 Joer, den 12. August 1992, ass den US-amerikanesche Kënschtler John Cage gestuerwen. Hien zielt zu deene wichtegste Komponisten vum 20. Joerhonnert. Hie war awer och eng Schlësselfigur am Beräich vun der Performance-Konscht.
Beim John Cage sengem vläicht bekanntste Museksstéck "4'33''" gëtt hien nëmme sporadesch Uweisungen: d'Museksinstrument an esouguer d'Dauer vum Stéck kann den Interpret selwer wielen. Hei ass et egal, fir wéi een Instrument sech decidéiert gëtt, well an der Partitur steet, datt keng Nouten dierfe gespillt ginn. Bei der Uropféierung huet de Pianist David Tudor nëmmen e puermol den Deckel vum Piano op- an zougemaach. Well seng Performance 4 Minutten an 33 Sekonnen laang war, huet sech den Numm 4'33'' herno duerchgesat. Dem John Cage senger Meenung no gëtt et keng absolut Rou; dat wollt hie mat dëser Aktioun dem Public bewosst maachen. Am Kader vun der Performance sollten d'Leit sech op d'Geräischer an hirem Ëmfeld konzentréieren.