Retromania
"Guernica": E Symbol géint de Krich
5 min
Grad wéi "Les Demoiselles d'Avignon" gehéiert "Guernica" ganz sécher zu de bekanntsten Tableaue vum Moler-Genie Pablo Picasso, deen 1881 zu Malaga a Spuenie gebuer gouf an 1973 zu Mougins a Süd-Frankräich gestuerwen ass. De Picasso huet "Guernica" 1937, virun 85 Joer, realiséiert, als Reaktioun op d'Loftattack op déi baskesch Klengstad Guernica duerch déi däitsch Legioun Condor an en italieenesche Militärverband vum Musolini, déi wärend dem spuenesche Biergerkrich fir den Diktator Franco am Asaz waren. Am Summer 1937 gouf dësen Tableau eng éischte Kéier op der Weltausstellung zu Paräis ëffentlech gewisen. Vun do u gouf dëst Bild zu engem gellegen Anti-Krich-Symbol fir d'Mënschheet, a seng Ausso huet bis haut näischt un Aktualitéit verluer. Explikatioune mam Jean Claude Majerus