Retromania
Elvis Presley: De King of Rock'n'Roll
11 min
An der Museksgeschicht kann een am Fong vun zwee Kinneke schwätzen, vum "King of Pop" a vum "King of Rock'n'Roll", dat eent war de Michael Jackson, dat anert den Elvis Presley. Allenzwee si se schonn dout, de "King of Pop", ass de 25. Juni 2009 am Alter vu 50 Joer gestuerwen, an dem "King of Rock'n'Roll" säin Doud war de 16. August 1977, dat sinn haut ewell scho 45 Joer hier. An awer de Kult oder de Mythos ronderëm den Elvis lieft weider, an och haut wäerten nees Zéngdausende vu Leit bei säi Graf op Memphis pilgeren.
De Jean Claude Majerus erënnert un den Elvis, de King of Rock'n'Roll.