arrow_back_ios
Retromania
Ian Anderson: De Flüttist an der Rockmusek
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow
De Schott Ian Anderson gehéiert zu innovatiivste Figuren an der Rockmusek, hien huet ee bestëmmten Instrument salonsfäeg am Rock gemaach: d'Querflütt, a bis haut ass hien de Kinnek vun der rockeger Flütt. Virun allem awer ass den Ian Anderson als Frontman vun der Rockgroup Jethro Tull bekannt, där hir Musek den Anderson zanter Enn de 60er Jore markéiert. De Sänger, Komponist, Texter, Flüttist a Gittarist Ian Anderson kritt haut 75 Joer. De Jean Claude Majerus iwwer de Rockflütist